Wikinger zu LëtzebuergWéi Mëttelalter-Veräiner d'Welt vun de Wikinger nees opliewe loossen

Anouk Siebenaler
Ufank August gouf d'Lameschmillen zum Wikingerlager. Dräi Mëttelalter-Veräiner hunn do Geschicht erliefbar gemaach a mat Virurteeler opgeraumt.
Wéi Mëttelalterveräiner d'Welt vun de Wikinger nees opliewe loossen
Dräi Mëttelalterveräiner hunn op der Lameschmillen Geschicht erliefbar gemaach a mat Virurteeler opgeraumt.

Liewen ewéi virun iwwer 1.000 Joer: Op der Lameschmillen hunn Ufank August dräi Lëtzebuerger Mëttelalterveräiner e Frëndschaftslager opgeriicht a loossen d'Visiteuren an d'Zäit vun de Wikinger andauchen. Vun der Kleedung iwwer d'Handwierk bis bei d'Kiche versiche si alles esou authentesch wéi méiglech nozestellen.

Fir d'Membere gehéiert genee dës Sich no historescher Authentizitéit zur Passioun. Zwee Deeg huet et gedauert, bis de Camp opgeriicht war. Och hir Fräizäitbeschäftegungen, hir Kichen an hiert Handwierk orientéiere sech un historesche Quellen.

Gläichzäiteg gëtt awer net alles ze streng geholl: "Et gëtt Veräiner, déi e ganze Weekend just op Stréi schlofen a guer keng Handyen dobäi hunn, dat ass méi Hardcore. Mir sinn awer un e gewësse Confort gewinnt an hunn dann och kee Problem, eist authentescht Wikingerbett duerch eng Matrass ze ergänzen, déi ee vu baussen net gesäit", erkläert den Andy Peiffer, Präsident vum Escher Veräin "Víkingar ór Aska".

Méi wéi nëmmen e Kostüm

Géint der Owend gëtt de Site och fir de Public opgemaach. D'Veräiner notzen d'Geleeënheet, fir mat Virurteeler iwwer d'Wikinger opzeraumen an ze weisen, datt hiren Hobby vill méi ass, wéi just eng Verkleedung. Vill Géigestänn si selwer hiergestallt oder no historesche Virbiller nogebaut. Laangfristeg ass et hir Visioun, e richtege Fräiliichtmusée ze sinn, an deem d'Geschicht vun de Wikinger komplett authentesch vermëttelt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO