
Bei der éischter Course vum Weekend ass den Chester Kieffer (Schumacher CLRT) bei der Victoire vum Paul Cauhaupé de 4. ginn.
De Lëtzebuerger war vu Startplaz 6 un den Depart gaangen. Hien hat awer e gudde Start erwëscht, anescht wéi de Polesetter Boerekamps an de Young op Startplaz 4, a louch no e puer Ronnen schonn op Plaz 4.
Kuerz drop huet et no engem Accident vum Ugran Aarbechten op der Streck gebraucht, soudass d'Course ronn 20 Minutten ënnerbrach war an déi geplangte 17 Ronnen net konnte gefuer ginn.
Duerno goufen et un der Spëtzt keng Ännerunge méi, soudass de franséische Rookie Paul Cauhaupé d'Course fir sech entscheede kann. Hie war vu Plaz 2 aus gestart. Komplettéiert gouf de Podium vu sengem Martinet-Teamkolleeg Jaap van Lagen an dem Flynt Schuring (Schumacher CLRT).
Fir den Chester Kieffer ass et deemno déi 4. Plaz an der éischter Course zu Zandvoort. Am Rookie-Klassement ass de Lëtzebuerger nom Cauhaupé den 2.. An der gesamter Rookie-Wäertung läit den Chester Kieffer trotz dëser Victoire vum Cauhaupé weiderhi mat enger confortabeler Avance virop.
Déi 7. an domat virlescht Manche vum Porsche Supercup kënnt Dir e Sonndeg vu 11:45 Auer u live um RTL ZWEE an RTL Play kucken. Hei start den Chester Kieffer vun der 4. Plaz.