
Am Kader vum Formel-1-Grand-Prix an Holland ginn de Weekend och zwou Manchë vum Porsche Supercup gefuer. De Lëtzebuerger Chester Kieffer wäert e Samschdeg den Owend um 18:00 Auer vu Startplaz 6 an déi éischt Course goen.
Béid Leef vum Porsche Supercup iwwerdroe mir live op RTL ZWEE an op RTL Play. Déi zweet Course vum Weekend gëtt e Sonndeg um 11:45 Auer gestart.
Den Chester Kieffer geet als Leader vum Rookie-Klassement an déi éischt Course vum Weekend.