
Den UEFA Supercup ass den traditionellen Optakt am internationale Spëtzefuttball. Zu Salzburg kritt et Paris Saint-Germain als Gewënner vun der UEFA Champions League mam Vainqueur vun der Europa-League Aston Villa ze dinn. De Véierten aus der englescher Premier League d'lescht Joer huet jo mam Brian Madjo en ale Bekannten aus Lëtzebuerger Siicht am Kader.
Nach ass net confirméiert, ob de 17 Joer jonke Stiermer géint de PSG mat dobäi ass oder net. Op der Säit vun der UEFA ass de Madjo, deen an der Summer-Preparatioun 4 Goler a 5 Matcher fir d'Profie vun de Villans markéiert huet, net opgelëscht. Verschidde Sourcë mellen allerdéngs op de soziale Medien, datt den 3-fache fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller nach kéint nonominéiert ginn. Réischt zanter der leschter Woch steet fest, datt de Brian Madjo spillberechtegt ass.

D'lescht Joer konnt Paris Saint-Germain de Gewënn vum Supercup am Eelefmeterschéisse géint Tottenham feieren. Aston Villa dogéint huet dës Competitioun 1983 géint Aberdeen gewonnen, bei deenen deemools de Sir Alex Ferguson op der Trainerbänk souz.
Iwwer d'Wichtegkeet vum UEFA Supercup léist sech streiden. Virun allem no enger Europa- oder Weltmeeschterschaft ass et dacks sou, datt béid Formatiounen net all hir Stammspiller opstellen. Eng ganz Partie Nationalspiller vum PSG si réischt zanter e puer Deeg nees am Training. Dorënner och den neie Paräisser Defenseur Lucas Digne, deen elo am Summer vun Aston Villa an déi franséisch Haaptstad gewiesselt ass, wou hien och well tëscht 2013 an 2015 aktiv war.
Nieft dem Lucas Digne mussen d'Englänner ënner anerem och d'Departe vum Morgan Rogers op Chelsea an dem Youri Tielemans op Manchester United verkraaften. Donieft fält de Johan Manzambi wéinst enger Blessur um Knéi aus. Den 20 Joer ale Schwäizer Nationalspiller ass am Summer fir 70 Milliounen Euro vum SC Freiburg op Aston Villa gewiesselt.
D'Duell tëscht Paris Saint-Germain an Aston Villa ass déi 51. Editioun vum UEFA Supercup, donieft och d'Neioplag vun der Champons-League-Véierelsfinall vun 2025. Den Allersmatch konnt de franséische Rekordchampion mat 3:1 fir sech entscheeden. D'Retourpartie am Villa Park zu Birmingham huet de PSG dunn 2:3 verluer. De Stadion zu Salzburg, wou Red Bull Salzburg hir Heemmatcher spillt, ass mat 28.500 Spectateuren ausverkaaft.
Arbitréiert gëtt d'Partie vum Omar Artan. Et ass déi éischte Kéier, datt de Supercup net vun engem Europäer geleet gëtt. De 34 Joer ale somaleschen Arbitter hätt u sech solle bei der Weltmeeschterschaft am Asaz sinn, allerdéngs duerft hien net an d'USA areesen.
Den UEFA Supercup tëscht Paris Saint Germain an Aston Villa kënnt Dir e Mëttwoch vun 21.00 Auer un um RTL Zwee, RTL Play an op RTL.lu suivéieren.
