Weideren Drock op FIFA-President InfantinoOppene Bréif vun UEFA, AFC a Concacaf fuerdert Enquête vun onofhängeger Partei

RTL Lëtzebuerg
D’Presidenten an d’Generalsekretäre vun der UEFA, der AFC an der Concacaf hunn een oppene Bréif ënnerschriwwen, deen un d’"Futtball Famill" adresséiert ass.
(FILES) FIFA President Gianni Infantino gestures during his visit to the new Concentration Hotel of the Colombian Football Federation in Barranquilla, Colombia, on February 24, 2026.
De FIFA-President Gianni Infantino (Archiv)
© AFP/

Déi europäesch, nord- a mëttelamerikanesch an asiatesch Confederatioune weisen hiren Zesummenhalt géint d'FIFA. An engem oppene Bréif, deen e Méindeg de Moie publizéiert gouf, kritiséiere si d’Virgoe vun der FIFA ronderëm den Investitiounsplang vum President Infantino.

D’FIFA hätt de Virfall als Kommunikatiounsfeeler duergestallt, fir richteg wier et awer e schwéiere Feeler gewiescht, fir dës Iddi iwwerhaapt op den Dësch ze bréngen. Bei der Krisesëtzung wieren net all Partien invitéiert gewiescht an et misst een de Virfall vun enger onofhängeger Partei ënnersiche loossen.

Als Leader vun der internationaler Futtballfederatioun hätt een d’Aufgab, sech an den Déngscht vum Futtball ze stellen a sech net perséinlech wëllen ze beräicheren.

Des Weidere soll een an enger Féierungspositioun dem Futtball déngen amplaz ze probéieren, en ze kontrolléieren.

Et ass déi éischte Kéier, datt den Infantino sou ënner Drock geréit. Zesummen hätten déi dräi Confederatioune bei enger FIFA-Ofstëmmung eng Majoritéit. 2027 gëtt en néien FIFA President gewielt.

Weideren Drock op FIFA-President Gianni Infantino
D’Presidenten an d’Generalsekretäre vun der UEFA, der AFC an der Concacaf ënnerschreiwen een oppene Bréif, deen un d’"Futtball Famill" adresséiert ass.

Back to Top
CIM LOGO