
D'Lëtzebuerger Faarwe gi vum Champion FC Atert Biissen an der Champions-League-Quali, souwéi vum Coupe-Gewënner FC Déifferdeng 03, der US Munneref an der UNA Stroossen an der Conference-League-Quali vertrueden.
Déi Biisser kréien et am éischten Tour vun der Qualifikatioun fir d'Champions League mat KÍ Klaksvík vun de Färöer Inselen ze dinn. D'Allersmatcher si fir de 7. an 8. Juli programméiert, d'Retourpartië sinn déi Woch drop. Biissen spillt deen éischte Match auswäerts.
Nieft dem éischten Tour an der Champions-League-Qualifikatioun gouf och déi éischt Qualifikatiounsronn an der Conference League gezunn.
Déifferdeng kritt et mat Ilves Tampere aus Finnland ze dinn, Munneref spillt géint Dinamo Tiflis aus Goergien a Stroossen muss géint La Fiorita aus San Marino untrieden.
Déi dräi Lëtzebuerger Ekippen hunn am éischte Match Heemrecht. D'Allermatcher si vun der UEFA fir den 9. Juli virgesinn an d'Retourmatcher dann déi Woch drop.