Den Iwwerbléck vum internationale FuttballInter klappt Neapel, Athletic Bilbao wënnt géint Atlético

RTL Lëtzebuerg
An England gouf et iwwerdeems eng knapp Victoire vu Manchester City géint Coventry City.
Inter Milan's Argentinian forward #10 Lautaro Martinez celebrates scoring his team's third goal during the Italian Serie A football match between Inter Milan and Napoli at the San Siro stadium in Milan on September 5, 2026. (Photo by Isabella BONOTTO / AFP)
De Lautaro Martinez nom decisiven 3:2 géint Neapel.
© Isabella BONOTTO / AFP

Premier League

Newcastle United - Bournemouth 2:2
0:1 Tavernier (9'), 0:2 Thiaw (35', Selbstgol), 1:2 Barnes (37'), 2:2 Ramsey (88')

Obwuel Bournemouth no engem fréie Gol vum Tavernier bal 80 Minutte laang a Féierung louch, muss den Ex-BVB-Trainer Marco Rose um Enn weider op säin éischte Succès an der Premier League waarden. D'Lokalekipp huet nom Selbstgol vum Thiaw direkt nees verkierzt an huet kuerz viru Schluss ausgeglach, obschonns si sech géint gutt organiséiert Gäscht eigentlech net allze vill Occasiounen erausspille konnten.

Manchester City - Coventry City 1:0
1:0 Haaland (26')

Manchester City huet sech mam neien Trainer Enzo Maresca e wéineg schwéier gedoen a konnt den Opsteiger Coventry nëmme knapp bezwéngen. Trotz däitlech méi Ballbesëtz an enger Féierung duerch e Kappball vum Haaland kruten d'Citizens de Match net entscheet an hunn defensiv ëmmer nees Ofschlëss zougelooss. Um Enn kann een déi 3 Punkten awer zu Manchester halen an domat déi 3. Victoire am 3. Match feieren.

Nottingham Forest - Tottenham Hotspur 0:0

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Fiorentina - Torino 1:2
1:0 Pellegrino (47'), 1:1 Mandragora (74'), 1:2 Adams (82')

Inter - Napoli 3:2
0:1 Politano (50'), 0:2 Hojlund (53'), 1:2 Martinez (57'), 2:2 Thuram (82'), 3:2 Martinez (90+1')

No enger éischter Hallschent ouni nennenswäert Golgeleeënheet kruten d'Spectateuren nom Säitewiessel däitlech méi gebueden. De Politano huet Inter kal erwëscht a seng Faarwen no 50 Minutten a Féierung bruecht, kuerz drop huet den Hojlund mat engem schéinen Ofschloss op 2:0 erhéicht. D'Reaktioun vum Champion huet awer net laang op sech waarde gelooss a 4 Minutten drop huet de Martinez schonn nees verkierzt. Inter huet an der Suite den Drock erhéicht an d'Neapolitaner kaum méi aus der eegener Hallschent komme gelooss, soudass den Thuram an der 82. Minutt dunn och fir de verdéngten 2:2 suerge konnt. An der Schlussphas hate béid Ekippen dunn nach grouss Chancen op d'Entscheedung, um Enn ass de Martinez no engem Corner un de Ball komm an huet d'Partie domat an der Nospillzäit komplett gedréint.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Lens - Lorient 0:1
0:1 Koné (54')

No engem gudde Start an d'Saison muss Lens ënnert dem Dino Toppmöller elo déi zweet Defaite hannerteneen astiechen. An enger Partie, an där et a béide Strofraim kaum geféierlech Situatioune goufen, ass ee Gol vum Koné duergaangen, fir de Match z'entscheeden. Och nom Géigegol huet Lens sech kaum kloer Chancen erausgespillt an esou um Enn verdéngt verluer.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Athletic Bilbao - Atlético Madrid 3:0
1:0 Williams (46'), 2:0 Navarro (48'), 3:0 Sancet (90')

No engem ausgeglachenen éischten Duerchgang ouni Goler hunn d'Haushären Atlético mat zwee Goler direkt no der Paus iwwerrascht. De Williams huet per Kapp fir d'Féierung gesuergt an 2 Minutten drop huet den Navarro no engem Konter erhéicht. D'Rojiblancos ware geschockt an hu sech an der Suite weiderhi schwéier gedoen, fir sech Chancen erauszespillen. Kuerz viru Schluss huet de Sancet d'Partie endgülteg entscheet, woumat den Edin Terzic seng 2. Victoire als Trainer vu Bilbao feiert.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO