Nationale FuttballBiissen séchert sech d'Supercoupe géint Déifferdeng

Yannick Gross
D'Supercoupe huet am Eelefmeterschéisse missten decidéiert ginn.
De Resumé vun der Supercoupe tëscht Biissen an Déifferdeng
Duerch eng Victoire am Eelefmeterschéisse konnt sech den FC Atert Biissen den éischten Titel vun der neier Saison sécheren.

Déifferdeng konnt d'Revanche fir de verpasste Championstitel an der leschter Saison net perfekt maachen. No enger schneller Féierung huet ee sech am Stadion vum Stater Racing mat 2:4 géint Atert Biissen musse geschloe ginn. Fir Biissen ass et dogéint de perfekten Optakt an déi nei Saison.

An engem volle Stade Achille Hammerel waren déi Déifferdenger perfekt an de Match gestart an et konnt een no net mol enger Minutte scho mat 1:0 a Féierung goen. Et war den neien Déifferdenger Spiller Chaverra Jossiamar, dee mat engem stramme Schoss ënne lenks an den Eck markéiere konnt. No e puer Chancen op béide Säite konnt Biissen an der 17. Minutt op 1:1 ausgläichen. De Khalid Abi Ramzi war virum Gol äiskal bliwwen.

No der Drénkpaus an der 25. Minutt ass bis d'Paus net méi vill passéiert a sou ass et mat 1:1 an d'Kabinne gaangen.

No der Paus huet sech Déifferdeng du selwer geschwächt. De Chaverra Jossiamar, Buteur vum 1:0, krut no engem Feeler déi giel-rout Kaart gewisen. Den FCD03 war elo also just nach zu Zéngt. Vill ännere sollt dat um Verlaf awer näischt, wëll op béide Säite gouf et praktesch keng nennenswäert Chancen. Kuerz viru Schluss hat den Tyron Crame dunn d'Chance op den 2:1 fir Biissen, säi Schoss gouf awer geblockt.

Well et dono beim 1:1 bliwwen ass, gouf d'Entscheedung am Eelefmeterschéisse gesicht. Hei konnt de Biisser Golkipp Hélio César sech auszeechnen an direkt dräi Eelefmetere paréieren.

Biissen konnt sech esou mat engem Schlussresultat vu 4:2 den éischten Titel vun der Saison sécheren an direkt do weidermaachen, wou si d'lescht Saison mat dem Championstitel opgehalen haten.


D'Partie am Replay

Supercoupe: Biissen géint Déifferdeng
Kuckt hei nach eng Kéier de Match am Replay.

Back to Top
CIM LOGO