Um Sonndeg ass et d'Suite vum 3. Spilldag an der BGL Ligue. De Match Phare ass d'Partie tëscht dem Opsteiger Rëmeleng a Rouspert. Den Ustouss ass ëm 16:00 Auer.
Hei fannt Dir d'Kadere vun den Ekippen.
Den Ofschloss vum Spilldag mécht de Match Racing-Hesper um 18:00 Auer.
Och an der Éierepromotioun rullt zanter dësem Weekend nees de Ball. Och déi Matcher ginn an der RTL Live Arena iwwerdroen.
Commentaire: Gilles Tricca a Serge Olmo
Start vum Stream: 15:55 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 18:15 Auer