
Déi nach ongeschloe Wëlzer hunn doheem gutt an de Match fonnt a konnte schonn no 12 Minutten duerch de Kapitän Biver a Féierung goen, dee vum Da Cunha Costa mat enger schéiner Pass an d'Déift fonnt gi war. Déi Déifferdenger Äntwert huet awer net laang op sech waarde gelooss, soudass de Rauch no enger knapper hallwer Stonn aus ronn 12 Meter egaliséiere konnt. D'Gäscht haten am éischten Duerchgang méi de Ball a waren och méi dacks am géigneresche Strofraum, kloer Golchancë goufen et awer net méi allze vill.
Nom Säitewiessel huet de Coupegewënner e puer gutt Occasiounen leie gelooss, ma och déi Wëlzer si mat e puer schéinen Ugrëff ëmmer nees geféierlech virun de Gol komm. An der 70. Minutt ass den Déifferdenger Ricciulli no engem haarde Feeler vum Terrain gestallt ginn, soudass d'Lokalekipp déi lescht 20 Minutten an Iwwerzuel agéiere konnt. Och no der rouder Kaart gouf et op béide Säiten nach déi eng oder aner gutt Geleeënheet, bis Déifferdeng an der 87. Minutt no engem Corner duerch de Quintiliano Borges Da Silva 2:1 a Féierung gaangen ass. Wolz huet an der Suite alles no vir gehäit, et sollt awer net méi duergoen, fir nach ee Punkt doheem ze halen.
Déi aner Matcher vum 3. Spilldag ginn e Sonndeg gespillt, ënner anerem mam Duell tëscht Biissen an Nidderkuer.
Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.