Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLuc Holtz léist mam FC Metz éischt Punkte leien

RTL Lëtzebuerg
Metz koum net iwwer e Remis, bei deem kee Gol gefall ass, zu Grenoble eraus.
© RTL

Dem Trainer Luc Holtz säin FC Metz war um 2. Spilldag vun der franséischer Ligue 2 zu Grenoble am Asaz. An hei goung et mat engem 0:0 no eppes méi wéi 45 Minutten an d'Paus. Dowéinst huet de Luc Holtz och fir den Ufank vun der zweeter Hallschent reagéiert an dunn nach eng Kéier no ronn enger Stonn, wéi hien dann och de jonke Lëtzebuerger Hamza Kadamani bruecht huet. Ma och d'Wiessele vum fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer hu keng Friichte gedroen, esou datt een net iwwer en 0:0 zu Grenoble erauskoum.

An den anere Partie stoungen d'Lëtzebuerger net um Terrain vun hire Veräiner. D'Emma Goetz souz als 2. Golkipperin bei der 2:0-Victoire vun hirem Austria Wien géint LASK de ganze Match iwwer op der Bänk an den Yvandro Borges Sanches stoung wéinst enger Blessure net am Kader vun Heracles Almelo, déi 3:2 doheem géint Den Bosch gewonnen hunn..

Back to Top
CIM LOGO