Den Jamal Musiala leit ënnert enger neurologescher Dysfunktioun. Dat huet de Spiller vum FC Bayern München op de soziale Medie wësse gedoen, nodeems hie bannent dräi Deeg an zwee Matcher zesummegaange war. Hien duerchlieft dobäi temporär Absencen, déi kuerz optrieden, awer gutt ze behandele wieren. Et wier eng Aart vun epilepteschen Ufäll.
De Veräin wier doriwwer am Bild gewiescht an an Ofsprooch mat de Responsabele vum medezinnesche Staff wiere keng Bedenke geäussert ginn, de Musiala spillen ze loossen. Et war just net domat gerechent ginn, dass de Phenomen zweemol a sou kuerzer Zäit géing opdauchen, sou den Éierepresident Uli Hoeneß an engem Interview, deen dem Spiller all Ënnerstëtzung zougeséchert huet.
Ob den däitschen Nationalspiller e Samschdeg am Supercup géint Borussia Dortmund erëm wäert spillen, ass vum FC Bayern nach net matgedeelt ginn. De Musiala huet drëms gebieden, dass dat Thema weider am Krees vu sengen enkste Vertrauten, dem Veräin an den Experte kéint bleiwen.