
D'Ofsteiger Mamer a Péiteng kruten et um 1. Spilldag am direkten Duell mateneen ze dinn. Den drëtten Ofsteiger Rodange krut et doheem mat Berbourg ze dinn.
Mamer louch virun eegene Spectateuren an der Paus mat 1:0 am Avantage, dat duerch e Gol vum Amehi an der 36. Minutt. Péiteng ass besser an déi zweet Hallschent era komm a konnt de Match bannent 14 Minutten zu hire Gonschten dréinen. An de Schlussminutten huet Mamer nach eng Kéier alles no vir geworf a konnt a Persoun vum Mendes an der 90. Minutt de Score dach nach ausgläichen, sou dass béid Formatiounen sech mat engem 2:2 trennen.
D'Fola léisst Monnerech beim 6:2 zu kengem Zäitpunkt vum Match eng Chance a steet ganz Uewen an der Tabell. Luerenzweiler klappt Beetebuerg mat 2:1. De Gol vum Dag fir den 2:1 huet de Lopesan der 90. Minutt konnte schéissen.
Kee Gewënner gëtt et tëscht Beggen a Luxembourg City. Béid Formatioune spillen 0:0. Rodange a Berbourg spillen 1:1-Gläich.
Och dës Saison kennen d’Matcher an der RTL Live Arena suivéiert ginn. Aus technesche Grënn konnte d'Matcher um 1. Spilldag awer nach net all gewise ginn.