
Nodeems de Coupegewënner Déifferdeng e Samschdeg fir den Optakt vum 3. Spilldag mat 2:1 géint Wolz gewonnen huet, stoungen e Sonndeg déi rechtlech Partien um Programm. Dobäi bleiwen de Racing, Stroossen, Munneref a Nidderkuer ongeschloen.
Fir den Ofschloss vum 3. Spilldag war de Swift op Besuch um Verluerekascht. De Racing war an der éischter Hallschent déi dominéierend Ekipp an hat immens vill Ballbesëtz, konnt sech awer kaum Chancen eraus spillen. Hesper stoung immens déif am Block an huet net vill zougelooss. An der zweeter Hallschent sollt de Racing äiskal vun de Hesper Feeler profitéieren a huet seng Chancen dann och effizient genotzt. Nom Matuvangua sengem Gol zum 1:0 hunn den Ikene, Stolz an op en Neits de Matuvangua bannent 5 Minutten dräi weider Goler markéiert, sou dass de Match no 71. Minutte fréizäiteg entscheet war. De Stolz huet mat sengem zweete Gol fir d'Schlussresultat vu 5:0 gesuergt. De Racing steet no 3. Spilldeeg mat 9 Punkten op der 1. Plaz an der Tabell iwwerdeems de Swift op der leschter Plaz steet.
De Champion vu Biissen huet sech no enger hektescher Partie doheem mat 0:4 géint de Progrès misse geschloe ginn a léisst domat fir déi éischte Kéier a dëser Saison Punkte leien. Nidderkuer huet dogéint och de drëtte Match konnte wannen an ass optimal an déi nei Saison gestart. Viru 713 Spectateuren huet de Peugnet an der 28. Minutt d'Féierung fir d'Gäscht geschoss. Nodeems de Pimentel an der 33. Minutt op Biissener Säit déi Giel-Rout-Kaart gewise krut, hat et d'Lokalekipp schwéier géint eng gutt gestaffelt Nidderkuerer Ekipp. An der Schlussphase ass Biissen ausernee gefall, an de Progrès konnt duerch 2 Goler vum Hoxha a ee vum Avdusinovic fir d'Schlussresltat vun 4:0 suergen.
Munneref setzt sech virun eegene Spectateure mat 1:0 géint Diddeleng duerch a steet wéi de Progrès no 3 Spilldeeg bei 9 Punkten. Ganz aneschters ass d' Stëmmung beim F91. 0 Punkte mat enger Goldifferenz vun 0:5 no 3 Spilldeeg ass sécherlech net dat, wat e sech Diddeleng virun der Saison erhofft hat.
Déi véirten Ekipp déi bei der optimaler Unzuel vun 9 Punkte leit ass d'Una vu Stroossen. Am Stade "An de Millewisen" konnt sech d'Lokalekipp viru knappe 500 Léit verdéngt mat 1:0 géint d'Jeunesse Esch duerchsetzen. Déi méi aktiv Formatioun huet dëse Match um Enn fir sech entscheet, dat duerch dem Touré säi Gol an der 61. Minutt.
Den Opsteiger Walfer wennt säin 2 Match an dëser Saison, dat duerch e Lucky Punch an der 94. Minutt. De Gol vum Dag huet de Barbalinardo konnte markéieren. Mat 2:1 setzt sech deemno Walfer zu Käerjeng duerch.
Déi éischt 3 Punkten an dëser Saison ka Hueschtert feieren, dat no enger fulminanter 5:0-Victoire géint Ettelbréck. Rouspert verléiert och den drëtte Match, dat mat 2:3 zu Rëmeleng. An engem Match, bei deem et virun allem an der zweeter Hallschent hin an hier gaangen ass, ass den Diallo mat 2 Goler an der Schlussphase de Mann vum Match.
Och an der Éierepromotioun rullt zanter dësem Weekend nees de Ball. Fir den Optakt ka sech ënnert anerem d'Escher Fola mat 6:2 géint Monnerech duerchsetzen. Den Iwwerbléck vun all de Matcher fannt dir hei.
Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.