Et war e richtege Grottekick-Match, mat vill Spaass a ville Goler. No 90 Minutte stoung et 7:7, esou datt d'Eelefmeterschéissen de Gewënner huet misse bestëmmen. An dësem klenge Krimi konnte sech d'Veterane vun der USRB duerchsetzen.
E gelongenen Owend fir de gudden Zweck: dëst Joer gëtt den Erléis un d'Fondatioun Wonschstär gespent. D'Fondatioun gëtt et zanter 2014 a si erfëllt Leit, déi Schicksalsschléi erlieft hunn, kleng a grouss Dreem.