DëschtennisDe Nutte a Lian op drëtter Plaz a Weltranglëscht
Domadder ginn et just nach zwou Koppelen op der Welt, déi besser zesummespillen, wéi déi zwou Lëtzebuergerinnen.
Verëffentlecht: 22.03.22 16:47, Update: 04.12.25 09:42
An der neister Weltranglëscht vum Dubbel am Dëschtennis sinn d'Sarah de Nutte an d'Ni Xia Lian op der drëtter Plaz. D'Lëtzebuergerinnen hunn domat nach emol 6 Plazen gutt gemaach.