Champions LeagueBarcelona a PSG mat klore Victoirë fir den Optakt, Liverpool an Arsenal wanne knapp

Steven Milbert
Um Mëttwoch stounge fir den éischte Spilldag an der Champions League weider sechs Matcher um Programm. Dobäi waren ënnert anerem Barcelona, Stuttgart, Liverpool an Neapel am Asaz.
© Paul Ellis / AFP

Nodeems um Dënschdeg schonn déi éischte sechs Matcher gespillt goufen, ass den éischte Spilldag an der Champions League e Mëttwoch mat sechs weidere Partië weidergefouert ginn. D'Resuméë vun de sechs Matcher vum Mëttwochowend, dorënner déi kloer Victoirë vu Barcelona a PSG souwéi déi knapp Succèse vu Liverpool an Arsenal, fannt Dir hei am Iwwerbléck.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

FC Barcelona - Feyenoord Rotterdam 5:1
1:0 Raphinha (3'), 2:0 Adeyemi (22'), 3:0 Raphinha (57'), 4:0 Lamine Yamal (77'), 4:1 Steijn (82'), 5:1 Gabriel Jesus (85')

VFB Stuttgart - Viking Stavanger 3:1
1:0 Demirovic (20'), 1:1 Tripic (22'), 2:1 Demirovic (26'), 3:1 Demirovic (32')

D'Resuméë vun de Matcher Barcelona géint Rotterdam a Stuttgart géint Stavanger
Souwuel Barcelona ewéi och Stuttgart konnten hir Matcher souverän gewannen.

Den FC Barcelona huet seng staark Form och an der Champions League ënner Beweis gestallt a sech géint Feyenoord Rotterdam kloer mat 5:1 duerchgesat. D'Katalanen hunn de Match vun Ufank un dominéiert a si schonns no dräi Minutten duerch de Raphinha a Féierung gaangen. Kuerz drop huet den Adeyemi mat engem wonnerschéine Schlenzer an de rietsen ieweschten Eck op 2:0 erhéicht. Feyenoord hat zwar duerch den Hadj Moussa eng gutt Méiglechkeet, mä insgesamt war Barcelona an der éischter Hallschent déi méi staark Ekipp. Nom Säitewiessel huet de Raphinha mat sengem zweete Gol séier fir nach méi kloer Verhältnisser gesuergt. An der Schlussphas huet Barcelona d'Resultat weider an d'Luucht geschrauft: Fir d'éischt huet de Lamine Yamal e Fräistouss direkt verwandelt, ier de Gabriel Jesus mat sengem éischte Gol am Barca-Trikot de Schlusspunkt gesat huet. Den Éierentreffer vum Steijn fir Rotterdam sollt dobäi net méi an d'Gewiicht falen. Domadder wënnt Barcelona däitlech mat 5:1 géint den hollännesche Vertrieder aus Rotterdam.

De VfB Stuttgart ass mat enger 3:1-Victoire géint Viking Stavanger an déi nei Champions-League-Saison gestart an huet domadder fir déi éischte Kéier iwwerhaapt en Optaktmatch an der Kinneksklass gewonnen. Dobäi waren et awer d'Norweger, déi besser an de Match komm sinn an déi éischt Ofschlëss haten. Stuttgart huet sech am Ufank schwéiergedoen, mä mat der éischter klorer Chance huet den Demirovic an der 20. Minutt fir den 1:0 gesuergt. Stavanger huet duerch den Tripic zwar séier ausgeglach, mä just e puer Minutte méi spéit huet den Demirovic, no gudder Viraarbecht vum Undav, nees op 2:1 gestallt. Nach virun der Paus huet den Demirovic säin Owend perfekt gemaach an an der 32. Minutt säin drëtte Gol vum Dag markéiert. Domadder war den Hattrick vum bosneschen Nationalspiller bannent nëmmen 13 Minutten perfekt. Nom Säitewiessel huet Stavanger nach emol probéiert, zeréck an de Match ze kommen, mä den Norweger huet déi lescht Präzisioun am Ofschloss gefeelt. Esou ass et beim verdéngten 3:1 fir d'Schwaben aus Stuttgart bliwwen.

FC Liverpool - Atlético Madrid 2:1
0:1 Llorente (17'), 1:1 Szoboszlai (40'), 2:1 Mac Allister (50')

Déi bescht Zeenen aus dem Match Liverpool géint Atlético
Liverpool ka sech doheem behaapten an dräi Punkten un der Anfield Road behalen.

Am Anfield-Stadion hu sech Liverpool an Atlético Madrid eng intensiv éischt Hallschent geliwwert. D'Reds sinn eigentlech gutt an de Match komm an haten direkt duerch den Isak déi éischt gutt Méiglechkeet. Och dono ass Liverpool ëmmer nees iwwer Wirtz a Szoboszlai geféierlech ginn, mä am leschten Drëttel huet dacks déi néideg Prezisioun gefeelt. Den Atlético war dogéint immens effikass: An der 17. Minutt huet den Alvarez de Llorente mat engem gudde Pass an Zeen gesat, deen doropshin keng Problemer hat, fir d'Gäscht mat 1:0 a Féierung ze bréngen. Nom Réckstand huet Liverpool sech awer lues a lues zeréck an de Match geschafft. Kuerz virun der Paus goufen dës Méie vun de Reds dunn och belount: Nodeems den Oblak nach géint de Barcola paréiert hat, ass de Ball iwwert den Araujo bei de Szoboszlai komm, deen aus hallefrietser Positioun roueg an de lénksen Eck zum 1:1 ofgeschloss huet. Dorunner sollt sech dunn och näischt méi änneren, soudatt et no enger intensiver éischter Hallschent mat engem gerechte Remis an d'Kabinne gaangen ass.

An der zweeter Hallschent huet Liverpool de Match séier op seng Säit gezunn. Schonns an der 50. Minutt huet de Mac Allister mat engem stramme Schoss aus der Distanz op 2:1 gestallt, nodeems de Ball iwwert den Isak bei hie komm war. Dem Atlético ass doropshin am Stuerm nëmme wéineg agefall, wärend d'Reds de Match kontrolléiert an ëmmer nees no vir gespillt hunn. An der Schlussphas hat Liverpool esouguer nach e puer Méiglechkeeten, fir de Match definitiv zouzemaachen. Ënner anerem huet den Oblak staark géint de Munoz paréiert, ier de Frimpong aus enger Abseitspositioun nach en irreguläre Gol markéiert huet. Vum Atlético koum nom Réckstand insgesamt ze wéineg, soudatt Liverpool déi knapp, awer verdéngten 2:1-Féierung iwwer d'Zäit bruecht huet.

SSC Neapel - FC Arsenal 0:1
0:1 Ödegaard (75')

De Resumé vum Match Neapel géint Arsenal
No 90 Minutte muss sech Neapel knapps mat 0:1 géint d'Gunners vu London geschloe ginn.

Den FC Arsenal huet sech beim Optakt an d’Champions League mat 1:0 bei der SSC Neapel duerchgesat. D'Gunners waren iwwert wäit Strecken déi besser Ekipp, hu sech am éischten Duerchgang awer schwéiergedoen, hir Chancen ze notzen. Virun allem de Merino an de Saka haten d'Féierung um Fouss, mä entweder konnt de Meret de Ball entschäerfen oder et huet de Gunners u Präzisioun gefeelt. Neapel huet dogéint virun allem op Kontere gesat, ouni dobäi konsequent genuch ze ginn. Nom Säitewiessel huet Arsenal den Drock héich gehalen an d'Italieener laang am eegene Strofraum festgesat. An der 75. Minutt gouf d'Gedold vun de Londoner du belount: Den Ödegaard huet op enkem Raum en Doppelpass mam Tzolis gespillt an de Ball aus ronn 17 Meter, mat Hëllef vum Potto, am Gol ënnerbruecht. An der Schlussphas huet Arsenal et verpasst, de Match fréizäiteg ze entscheeden, wärend Neapel duerch de Lucca bal nach zum Ausgläich komm wier. Um Enn bréngen d'Gunners déi knapps Féierung awer iwwer d'Zäit a starte mat dräi Punkten an déi nei Champions-League-Saison.

PSG - Slovan Bratislava 6:1
1:0 Dembelé (17'), 2:0 Dembelé (23'), 3:0 Ferran Torres (31'), 4:0 Ferran Torres (47'), 5:0 Ferran Torres (57'), 5:1 Camara (58'), 6:1 Fabian (87')

Sporting Lissabon - Galatasaray Istanbul 3:1
0:1 Torreira (5'), 1:1 Catamo (27'), 2:1 Luis Suarez (57', Eelefmeter), 3:1 Zalazar (63')

De Paris Saint-Germain huet sech beim Optakt an déi nei Champions-League-Saison kloer mat 6:1 géint Slovan Bratislava duerchgesat. De franséische Champion huet vun Ufank un den Toun uginn an d'Slowaken direkt ënner Drock gesat. Den Dembelé war dobäi an der éischter Hallschent de Mann vum Match: Fir d'éischt huet hien no engem Ofpraller op 1:0 gestallt, dono huet hien no engem Feeler an der Slovan-Defense säin zweete Gol nogeluecht. Nach virun der Paus huet de Ferran Torres no Viraarbecht vum Dembelé op 3:0 erhéicht. Och nom Säitewiessel huet de PSG direkt do weidergemaach, wou en an der éischter Hallschent opgehalen huet, an duerch de Ferran Torres séier op 4:0 gestallt. Kuerz drop huet de Spuenier no engem Corner säin drëtte Gol geschoss an op 5:0 erhéicht. Bratislava koum duerch de Suleiman Camara zwar nach zum Éieregol, mä méi war fir d'Gäscht net méi dran. Dëst well Paräis och nach e sechste Gol gelénge sollt. Paräis huet de Match dono souverän kontrolléiert an domadder eng kloer Äntwert op de schwaache Start an d'Saison an der Ligue 1 ginn.

Galatasaray ass zu Lissabon gutt an de Match komm an huet Sporting fréi ënner Drock gesat. Dowéinst huet den Torreira schonns an der 5. Minutt no engem Aworf den 1:0 fir d'Tierke markéiert. Sporting hat am Ufank vum Match ferm Problemer, ass mam Laf vun der éischter Hallschent awer besser ginn an huet duerch de Geny Catamo an der 27. Minutt de Score op 1:1 gestallt. D'Portugisen waren net onbedéngt déi besser, mä déi méi effikass Ekipp an der éischter Hallschent. Nom Säitewiessel huet Sporting de Match dunn awer komplett op seng Säit gezunn. Fir d'éischt huet de Luis Suarez vum Punkt op 2:1 gestallt, ier de Zalazar mat engem wonnerschéine Fräistouss aus ronn 20 Meter op 3:1 erhéicht huet. Galatasaray huet an der Schlussphas zwar nach probéiert, no vir ze spillen, mä offensiv ass kaum nach eppes zesummegaangen, soudatt d'Tierken eng verdéngten 1:3-Defaite fir den Optakt vun der Champions League astieche mussen.


All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO