U20-Liichtathletik-WMUyana Granger iwwer 400m Hecken an der Halleffinall eliminéiert

Andy Brücker
Et koum just op Plaz 24 vu 27. Déi 9 bescht hu sech fir d'Finall qualifizéiert.
© COSL

E Sonndeg de Moien eiser Zäit ass d'Lëtzebuergerin Uyana Granger op der U20-Liichtathletik-WM an der Halleffinall iwwer 400m Hecken ugetrueden.
An de Virleef war d'Athletin nach en neie Lëtzebuerger Rekord gelaf, dat an enger Zäit vun 58,54 Sekonnen.

An der Halleffinall ass et dunn awer net sou gutt gaangen. Et ass am zweeten Heat gelaf a koum do just op déi 7. Plaz, dat an enger Zäit vun 1:00,10. Just déi éischt Dräi hu sech qualifizéiert.

Eng Zäit vun ënner 57,55 Sekonne wier am Heat 2 néideg gewiescht, fir sech fir d'Finall ze qualifizéieren. Do war d'Lëtzebuergerin wäit ewech.

Um Enn kënnt d'Uyana Granger op Plaz 24 ënner 27 Athletinnen, déi sech fir d'Halleffinall qualifizéiert haten.

Back to Top
CIM LOGO