
E Samschdeg de Mëtteg huet de Racing den zweete Match am Qualifikatiounsturnéier fir d'Champions League mat 1:4 géint den FK Sarajevo verluer. Doduerch hunn d'Damme vum RFCUL nom Out fir d'Champions League, duerch eng 0:2-Defaite am éischte Match géint Helsinki, elo och eng méiglech Suite am Europa Cup verpasst.
An deenen éischte Minutte vum Match war den FK Sarajevo um Verluerekascht direkt immens engagéiert an huet fir dauerhaft Gefor op de Gol vum Racing gesuergt. D'Ekipp aus Bosnien Herzegowina hat immens vill Chancen a Féierung ze goen a sou war den 1:0 just eng Fro vun der Zäit. Kuerz virun der Paus gouf de Bann da gebrach an duerch dräi Goler an de Minutten 38, 41 a 45+2 stoung et fir d'Paus schonn 3:0. Nom Säitewiessel huet e Gol no enger schéiner Aktioun vum Kimberley Dos Santos fir e klengt Stéck Hoffnung gesuergt, ma duerch ee Golkippsfeeler e puer Minutten drop war de Réckstand vun dräi Goler op Sarajevo nees do.
No 90 Minutten ass de Match also mat enger 1:4-Defaite op en Enn gaangen, wouduerch déi europäesch Aventure fir de Stater Racing fir dës Saison eriwwer ass.