De Match Phare vum 2. Spilldag ass d'Partie tëscht dem Opsteiger Walfer an Nidderkuer. Den Ustouss ass e Sonndeg ëm 16:00 Auer.
Hei fannt Dir d'Kadere vun den Ekippen.
Déi aacht Matcher vum 2. Spilldag ginn alleguer e Sonndeg gespillt. Den Ofschloss mécht um 19:00 Auer de Match Jeunesse-Biissen.
Commentaire: Sam Rickal a Serge Olmo
Start vum Stream: 15.55 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 18.15 Auer