
Nodeems de leschte Coureur aus der Echappée knapp 5 Kilometer viru Schluss agefaange gouf, huet de Peloton sech no e puer Acceleratiounen an där géier Schlussmontée opgeléist. Um Enn hat den Uruguayer Guillermo Thomas Silva vir déi beschte Been a konnt sech seng éischt Etappevictoire bei dëser Course sécheren. Hien huet sech am Sprint virum Belsch Lennert Van Eetvelt a virum Italieener Alessandro Pinarello (+0:09) duerchgesat.
De selwechte Podium gëtt et no dëser Etapp och am General ze gesinn. De Silva huet hei eng Avance vun 10 Sekonnen op de Van Eetvelt a vun 21 Sekonnen op de Pinarello.
No senger 11. Plaz op der 2. Etapp huet de Mathieu Kockelmann sech e Samschdeg mat engem Retard vun 2 Minutten a 34 Sekonnen als 48. klasséiert. Am General fält de Lëtzebuerger domat op déi 45. Plaz zréck.
1 Silva Guillermo Thomas XDS Astana Team 3:29:11
2 Van Eetvelt Lennert Lotto Intermarché ,,
3 Pinarello Alessandro NSN Cycling Team 0:09
4 Dhondt Robbe Team Picnic PostNL ,,
5 Engelhardt Felix Team Jayco AlUla 0:15
6 Bonnet Thomas Caja Rural - Seguros RGA 0:16
7 Berwick Sebastian TotalEnergies 0:19
8 Poels Wout Unibet Rose Rockets 0:20
9 Delbove Joris TotalEnergies 0:24
10 Christen Fabio Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team 0:26
...
48 Kockelmann Mathieu Lotto Intermarché 2:34
1 Silva Guillermo Thomas XDS Astana Team 11:31:07
2 Van Eetvelt Lennert Lotto Intermarché 0:10
3 Pinarello Alessandro NSN Cycling Team 0:21
4 Dhondt Robbe Team Picnic PostNL 0:25
5 Engelhardt Felix Team Jayco AlUla 0:31
6 Bonnet Thomas Caja Rural - Seguros RGA 0:32
7 Berwick Sebastian TotalEnergies 0:35
8 Poels Wout Unibet Rose Rockets 0:36
9 Delbove Joris TotalEnergies 0:40
10 Christen Fabio Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team 0:42
...
45 Kockelmann Mathieu Lotto Intermarché 2:50