Tour duerch Däitschland: 3. EtappGiulio Pellizzari wënnt d'Etapp, Isaac Del Toro neie Leader

RTL Lëtzebuerg
Op der Kinneksetapp goung et e Samschdeg fir d'Coureuren iwwer 170,8 Kilometer vu Herxheim op Bad Dürkheim.
Den Giulio gewënnt déi 3. Etapp virum Isaac del Toro.
Den Giulio gewënnt déi 3. Etapp virum Isaac del Toro.
© ULI DECK / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Den Nelson Oliveira hat sech knapp 70 Kilometer viru Schluss eleng vum Peloton ofgesat. No e puer Attacken am Peloton konnten den Giulio Pellizzari an den Isaac del Toro d'Lach awer 30 Kilometer virun der Zillinn zoufueren an hunn de Portugis eng 10 Kilometer méi spéit hannert sech gelooss.

Déi zwee Coureuren hunn den Tempo héich genuch gehalen, soudass si d'Etappevictoire um Enn ënnert sech ausgemaach hunn. Am Sprint hat de Pellizzari dunn nach déi beschte Been, den Del Toro iwwerhëlt awer och mat dëser 2. Plaz d'Féierung am General virum Louis Barré.

Beim Tour duerch Däitschland sinn och 5 Lëtzebuerger mat dobäi. Den Arno Wallenborn war e Samschdeg als 30. mat engem Retard vu knapp 2 Minutten de beschte Lëtzebuerger. De Mil Morang, Alexandre Kess, Noé Ury a Luc Wirtgen sinn alleguerten mat engem Réckstand vu 7 Minutten a 47 Sekonnen iwwer d'Zillinn gefuer. Am General ass de Wallenborn op Plaz 30 mat engem Retard vun 3 Minutten a 40 Sekonnen och beschte Lëtzebuerger.

D'Resultat vun der 3. Etapp:

1 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 4:03:44
2 Del Toro Isaac UAE Team Emirates - XRG ,,
3 Hirschi Marc Tudor Pro Cycling Team 0:34
4 Remijn Senna Alpecin - Premier Tech 0:49
5 Raccagni Noviero Andrea Soudal Quick-Step ,,
6 Tesfatsion Natnael Movistar Team ,,
7 Oldani Stefano Caja Rural - Seguros RGA ,,
8 Morgado António UAE Team Emirates - XRG ,,
9 Burgaudeau Mathieu TotalEnergies ,,
10 Stork Florian Tudor Pro Cycling Team ,,
...
30 Wallenborn Arno Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur 1:59
64 Morang Mil Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur 7:47
74 Kess Alexandre Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur ,,
78 Ury Noé Team Storck - MRW Bau ,,
81 Wirtgen Luc Tudor Pro Cycling Team ,,

D'Generalklassement no der 3. Etapp:

1 Del Toro Isaac UAE Team Emirates - XRG 14:02:12
2 Barré Louis Team Visma | Lease a Bike 0:52
3 Hirschi Marc Tudor Pro Cycling Team 1:05
4 Raccagni Noviero Andrea Soudal Quick-Step 1:21
5 Tesfatsion Natnael Movistar Team 1:22
6 Vacek Mathias Lidl - Trek 1:23
7 Sorarrain Gorka Caja Rural - Seguros RGA ,,
8 Oldani Stefano Soudal Quick-Step 1:25
9 Schachmann Maximilian Caja Rural - Seguros RGA ,,
10 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 1:26
...
30 Wallenborn Arno Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur 3:40
49 Morang Mil Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur 9:17
64 Kess Alexandre Team Lotto Kern-Haus Outlet Montabaur 11:20
80 Wirtgen Luc Tudor Pro Cycling Team 24:14
92 Ury Noé Team Storck - MRW Bau 24:29

Back to Top
CIM LOGO