
Bei der Junior-Weltmeeschterschaft op der Pist zu Zolder an der Belsch ass de Maximilien Outlet zweemol an d'Topp 10 gefuer. Am Scratch ass de Maximilien Outlet e Mëttwoch schonn op déi 6. Plaz gefuer. An der Individual Pursuit huet de Lëtzebuerger et e Freideg op déi 8. Plaz gepackt, den Thibault Hansen ass de 35. ginn.
An der Omnium-Qualifikatioun e Samschdeg gouf et donieft eng staark 2. Plaz fir den Dave Cichy.
Och an der Team Pursuit hunn d'Lëtzebuerger Junioren eng gutt Leeschtung gewisen an et um Enn op Plaz 9 gepackt.