Tour de France Femmes: 7. EtappKasia Niewiadoma-Phinney iwwerhëlt no impressionantem Solo um Ventoux Giel

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass am Tour de France Femmes d'Kinneksetapp gefuer ginn.
D'Gewënnerin vun der Kinneksetapp
D'Gewënnerin vun der Kinneksetapp
© NICOLAS TUCAT/AFP

D'Kasia Niewiadoma-Phinney huet sech e Freideg no 146 Kilometer uewen aus um Mont Ventoux en solitaire behaapt an huet domadder de Maillot Jaune iwwerholl. D'Polin hat an der Schlussmontée aus dem Grupp mat de Favorittinnen attackéiert an hat op der Arrivée eng Avance vun enger Minutt a 16 Sekonnen op d'Hollänerin Demi Vollering. Als Drëtt ass d'Italieenerin Elisa Longo Borghini ukomm. Si hat e Retard vun enger Minutt an 42 Sekonnen. D'Schwäizerin Marlen Reusser, déi als Leaderin an d'Etapp gaange war, huet als Véiert eng Minutt a 46 Sekonne verluer.

Op der 146 Kilometer laanger Kinneksetapp ass et fir d'Dammen nieft dem Mont Ventoux och nach de Col de la Grande Limite, de Col du Colombier an de Col de Suzette eropgaangen. Um Fouss vun der Schlussmontée war nëmmen nach e klenge Grupp mat de Favorittinnen un der Spëtzt. 9 Kilometer virun der Arrivée hat d'Niewiadoma-Phinney déi decisiv Attack gesat.

Zwou Etappe viru Schluss huet d'Niewiadoma-Phinney am General eng Avance vu 15 Sekonnen op d'Vollering. Drëtt ass d'Marlen Reusser op 39 Sekonnen.

D'Lëtzebuergerin Nina Berton ass e Freideg als 74. op ronn eng hallef Stonn iwwer d'Arrivée gefuer. Am General ass si déi 80. op eng Stonn a 35 Minutten.

D'Resultat vun der Etapp

1 Niewiadoma-Phinney Kasia CANYON//SRAM 4:22:53
2 Vollering Demi FDJ United - SUEZ 1:16
3 Longo Borghini Elisa UAE Team L'IMAD 1:42
4 Reusser Marlen Movistar Team 1:46
5 Blasi Paula UAE Team L'IMAD 1:48
6 Kerbaol Cédrine CANYON//SRAM ,,
7 Niedermaier Antonia EF Education-Oatly 2:01
8 Włodarczyk Dominika UAE Team L'IMAD 3:26
9 Le Court-Pienaar Kim AG Insurance - Soudal Team 3:58
10 Holmgren Isabella Lidl - Trek 4:11
...
74 Berton Nina EF Education-Oatly 30:44

De General

1 Niewiadoma-Phinney Kasia CANYON//SRAM 24:07:34
2 Vollering Demi FDJ United - SUEZ 0:15
3 Reusser Marlen Movistar Team 0:39
4 Longo Borghini Elisa UAE Team L'IMAD 2:59
5 Niedermaier Antonia CANYON//SRAM 3:21
6 Kerbaol Cédrine EF Education-Oatly 4:01
7 Blasi Paula UAE Team L'IMAD 4:32
8 Włodarczyk Dominika UAE Team L'IMAD 5:13
9 Holmgren Isabella Lidl - Trek 6:09
10 Le Court-Pienaar Kim AG Insurance - Soudal Team 6:17
...
80 Berton Nina EF Education-Oatly 01:35:10

Back to Top
CIM LOGO