Tour de France FemmesZwou Etappen, zwou Victoiren: Lorena Wiebes aktuell net ze schloen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg goung et iwwer 147,9 gréisstendeels Flaach Kilometer vu Aigle op Genève.
Och op der zweeter Etapp huet d'Lorena Wiebes de Sprint dominéiert.
Och op der zweeter Etapp huet d'Lorena Wiebes de Sprint dominéiert.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Scho wéi op der 1. Etapp koum kee hei op Lorena Wiebes. Si konnt sech no 3 Stonnen, 42 Minutten an 8 Sekonnen am Sprint géint d'Elisa Balsamo an d'Marianne Vos duerchsetzen. Si koumen un der Spëtzt vun engem grousse Peloton mat 77 Coureusen un, déi all déi selwecht Zäit kréien. An deem Peloton war och d'Nina Berton mat dran, déi als 52. gewäert gëtt.

Am Generalklassement läit Lorena Wiebes och vir, dat 14 Sekonne virum Kim Le Court Pienaar an 16 Sekonne virum Demi Vollering. Hei läit d'Nina Berton op der 62. Plaz mat engem Réckstand vun 3 Minutten a 6 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO