
Déidleche Verkéiersaccident en Donneschdeg den Owend um Enn vun der Autobunn A7 op der Héicht vu Schieren. En Auto, deen a Richtung Norden ënnerwee war, war géint 18:30 Auer op déi duebel-spuereg Géigebunn geroden a krut do frontal e Motorrad ze paken. De Motosfuerer, en 53-Joer-ale Mann aus Frankräich gouf esou schwéier blesséiert, dass hien nach am Laf vum Owend gestuerwen ass. De schëllegen Automobilist gouf liicht blesséiert a koum an d'Spidol.
Op Uerder vum Parquet goufe béid Gefierer beschlagnaamt an et gëtt eng Autopsie vum Motorradschauffeur gemaach. D'Plaz ronderëm den Accident war en Donneschdeg den Owend eng gutt Zäit laang ganz gespaart, wat deementspriechend fir gréisser Perturbatiounen am Trafic gesuergt hat. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.
Op der Nationalstrooss 12 tëscht Eschduerf an dem Heischtergronn gouf et kuerz no 19 och en Accident mat engem Motorrad. Do sinn dem Bulletin vum CGDIS no zwou Persoune blesséiert ginn, an den Ettelbrécker SAMU war am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeën Alebesch a Rammerech.
Ee Blesséierte gouf et no engem Autosaccident géint 19 Auer tëscht Alzeng an Haassel. D'Pompjeeë vun Hesper an d'Ambulanz vu Réimech waren op der Plaz.
Tëscht Garnech an dem Wandhaff si géint 17:45 Auer e puer Autoen anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.