En beléiften Tournoi ganz am Zeeche vum Sport, gudder Stëmmung, enger uerdentlecher Portioun Spaass a genuch ze Iessen an ze Drénken. Ma an awer wier en bal ausgestuerwen.
Well d'Jeunesse Kiischpelt net méi genuch Memberen huet, fir dës grouss Organisatioun ze stemmen, huet de Ben Angelsberg, fréieren Volleyballnationalspill, an e puer Kolleege sech zesummegedoen. Elo hu si en Comité vun 8 Leit zesummegestallt, fir dës Traditioun weiderzeféieren. Elo si si d'Beachdays ASBL.
Zwou bis dräi Wochen hu si gebraucht, fir aus der Wiss hannert der Sportshal e Site mat véier Beachvolleyballterrainen ze maachen. Ma zanter engem Joer schonn treffe si sech all Woch eemol, fir dat Ganzt ze organiséieren. An d'Jeunesse vu Kiischpelt géing och nach ëmmer hiren Deel mat bäidroen, sou sti si hannert dem Grill an hunn d'Beachbar ënnerhalen.
Et wier hinnen awer wichteg gewiescht, den Accent nach méi op de Sport ze setzen. Sou hätt ee Freides en Turnéier fir d'Entreprisen, déi sponseren, organiséiert. Samschdes gëtt en 2 géint 2 Männer an en 2 géint 2 mixte Tournoi gespillt a Sonndes wier et dann un de 4 géint 4 Amateursekippen, wou kee Lizenzéierte méi dierf matspillen an een Terrain ass reservéiert fir Lizenzéierter, déi 3 géint 3 spille wëllen.
Zil wier et, dass ee sou vill wéi méiglech an engem Dag ze spillen kritt. Elleng beim Tournoi 4 géint 4 sinn 56 Ekippen ugemellt gewiescht. An um Sonndeg goufen 164 Matcher vun 8 Minutte gespillt. Vun der Halleffinall u ginn dann a ganze Sätz gespillt.
Eng Traditioun, déi also sou bal net méi fortzedenken ass aus dem Kalenner, konnt in extremis gerett ginn.