
Dës Woch war eng lëtzebuergesch Delegatioun mat dräi Athleeten zu Roum bei der Jugend-Europameeschterschaft am Bouschéisse vertrueden. Nieft der Kenza Pop an der Lea Tonus bei den U21-Compound-Dammen war och de Charel Blasen fir d'éischt Kéier an der Kategorie Recurve bei den U18-Hären am Asaz.
Bei schwierege Wiederkonditiounen – Hëtzt a staarke Wand hunn et den Athleete schwéier gemaach – huet de Blasen an der Qualifikatioun 576 Punkte geschoss a koum domat op déi 62. Plaz ënner 65 Athleeten.
Hie blouf domat e Stéck ënnert senger perséinlecher Beschtleeschtung vu 628 Punkten.
Am weidere Verlaf vum Turnéier konnt de jonke Lëtzebuerger sech an der 1/48-Finall kloer 6:0 behaapten, mee an der nächster Ronn war Endstatioun. Hie verléiert säi Match knapp 4:6, hat beim Stand vun 0:4 awer eng staark Ophueljuegd realiséiert.
Am Schlussklassement beleet de Charel Blasen déi 37. Plaz.
Fir d'Kenza Pop war dës Jugend-EM den offizielle Start an hir international Saison, nodeems si d'Première gepackt huet. Si ass mat der Lea Tonus am Compound ugetrueden a béid Athleetinnen aus dem COSL-Promotiounskader hunn an der Qualifikatioun mat de Plazen 12 (668 Punkten, Pop) a 14 (666 Punkten, Tonus) e staarkt Resultat realiséiert.
An der nächster Ronn hate béid Athleetinnen e Fräilous. Fir d'Kenza Pop war an der 1/16-Finall scho Schluss, si verléiert knapp 137:139 a kënnt um Enn op déi 18. Plaz.
D'Lea Tonus konnt hir 1/16-Finall mat 136:131 gewannen, an der Aachtelsfinall war awer Endstatioun fir déi 19 Joer jonk Lëtzebuergerin – si war hirer Géignerin 141:146 ënnerleeën. Am Schlussklassement ass et fir déi staark 11. Plaz duergaangen.
D'Tonus beleet aktuell am Worldranking Plaz 90 an hat am Februar 2026 d'World-Indoor-Series-Turnéier am mexikanesche Merida gewonnen.