Dir kënnt mat ofstëmmenPackt de Kierchbierg et op déi nei Euroschäiner?

Cédric Ferry
Bis den 21. September kann een online iwwert 10 Propose fir den Design vun den nächsten Euroschäiner ofstëmmen.
© Dirk Claus/ECB

D'Euroschäiner kréien en neie Look. Zanter Enn 2021 schafft d'Europäesch Zentralbank un engem neien Design fir d'Euroschäiner. An enger éischter Phas goufen d'EU-Biergerinnen a -Bierger an en onofhängegen Expertegrupp befrot, wéi eng Themen op déi nei Schäiner solle kommen. Aus enger Rei Propose goufen dann d'Sujeten "Europäesch Kultur" a "Flëss a Villercher" als méiglech Motiver zeréckbehalen.

Am Januar 2025 huet de Rot vun der EZB dann déi genee Motiver fir déi jeeweileg Theme festgeluecht. Fir d'Thema "Europäesch Kultur" sinn dat verschidden historesch europäesch Perséinlechkeeten. Fir d'Thema "Flëss a Villercher" sinn et ënnerschiddlech Villercherszorten. Et gouf dann och decidéiert, Grafikdesigner aus der EU d'Méiglechkeet ze ginn, sech ze mellen, fir déi nei Euroschäiner ze designen. Wien interesséiert war, konnt sech vum 15. Juli 2025 bis den 18. August 2025 fir de Concours umellen.

Am November 2025 huet d'EZB dann aus 1.241 Kandidature 25 Designer zeréckbehalen. 17 vun hinnen duerfte Propose fir béid Themen areechen, 6 nëmme fir de Sujet "Flëss a Villercher" an 2 just fir d'Thema "Europäesch Kultur". Am Ganze goufen also 39 Proposen ausgeschafft.

Vun dësen 39 Proposen huet d'EZB der an engem leschte Schratt 10 Stéck zeréckbehalen. Jeeweils 5 pro Thema. Iwwer dës kënnen d'Leit bis den 21. September ofstëmmen.

Kierchbierg op zwee Schäiner vertrueden

Bei engem vun de proposéierten Designs sinn op der Récksäit vun de Schäiner verschidden EU-Institutiounen ze gesinn. Um 50- an um 200-Euroschäin huet den Designer sech dobäi fir den Europäesche Geriichtshaff respektiv den Europäesche Rechnungshaff decidéiert. Béid Institutioune sti jo um Kierchbierg an der Stad.

Design mat de meeschte Stëmme gëtt net automatesch geholl

Iwwerdeems ass et net esou, ass den Design mat de meeschte Stëmmen och automatesch op déi nei Euroschäiner kënnt. Nieft dem Online-Vott, wäert nämlech och eng representativ Ëmfro ënnert de Bewunner vun der Eurozon gemaach ginn an eng Jury gëtt zu de verschiddenen Designs befrot. Donieft soll och gekuckt ginn, ob den Design technesch ëmsetzbar ass.

Et wäert dann och bis Enn vun den 2020er Joren daueren, éier déi nei Schäiner an de Portmonnie vun den EU-Biergerinnen a Bierger stiechen. Virdru mussen se nach am Detail entwéckelt a getest ginn.

Back to Top
CIM LOGO