BoxenTyson Fury wënnt no 7 Ronnen

Tom Nols
An Thailand huet den Tyson Fury sech mat engem weidere Kampf op den Duell vum Joer mam Anthony Joshua preparéiert.
Den Tyson Fury (riets) konnt sech duerchsetzen
Den Tyson Fury (riets) konnt sech duerchsetzen
© LILLIAN SUWANRUMPHA/AFP

Den Tyson Fury huet e Freideg zu Pattaya an Thailand no siwe Ronne géint de Mariusz Wach aus Polen gewonnen. Et war e weidere Kampf, deen dem Britt als Preparatioun gedéngt huet fir den Duell mam Anthony Joshua, dee spéider am Joer wäert ausgedroe ginn.

Am Max Muay Thai Stadium, an deen eng 1.500 VIP-Spectateuren eragepasst hunn, war de polnesche Boxer net méi fir déi aachte Ronn ugetrueden, nodeems den Arbitter an den Dokter géint e Weiderféiere vum Fight waren. Domat huet de Fury zwee Matcher hannertenee gewonnen, nodeems hien am Abrëll kloer géint de Russ Arslanbek Makhmudow gewonnen hat. Mam Geld vun den Entréestickete wäerte karitativ Organisatiounen ënnerstëtzt ginn.

De 46 Joer ale Wach, dee véier vu senge leschte fënnef Dueller verluer hat, war keen all ze grousse Géigner fir de Fury. Trotzdeem waren Experte vun engem manner laange Boxmatch ausgaangen. Den Event war och net live iwwerdroe ginn, soll dofir awer Filmmaterial liwwere fir eng zukünfteg Netflix-Serie. Domat ass de 37 Joer alen Ex-Weltmeeschter e Schratt méi no un der sougenannter "Battle of Britain" géint säi Landsmann.

Den Anthony Joshua wäert e Samschdeg a Saudi-Arabien op den Albaner Kristian Prenga treffen. Et wäert dem fréieren Olympiagewënner a Weltmeeschter am Schwéiergewiicht säin éischte Kampf sinn, nodeems hie sech am Dezember d'lescht Joer an engem Autosaccident an Nigeria blesséiert hat, bei deem zwou Persounen aus sengem noen Ëmfeld ëm d'Liewe komm waren.

Back to Top
CIM LOGO