10. Editioun vum Ultratrail MëllerdallShefi Hhaferaj an Alexandre Mayer wannen iwwer 111 Kilometer

Lynn Kayser
E Samschdeg war am Mëllerdall déi 10. Editioun vum Ultratrail Mëllerdall.

Ronn 700 Leefer a Leeferinne sinn un den Depart vun de verschiddene Coursse vum Ultratrail Mëllerdall gaangen. E Samschdeg um Hallefnuecht scho goufen d'Leefer vum Ultra-Trail, deen iwwer 111 Kilometer an 3.500 Héichtemeter gaangen ass, op d'Streck geschéckt. No 10 Stonnen, 51 Minutten an 21 Sekonnen huet sech de Fransous Alexandre Mayer e Samschdeg d'Victoire geséchert. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Boris Suselj (11:14:41 Stonnen) an den Arthur Bodet (11:32:54 Stonnen) gelaf. Beschte Lëtzebuerger war de Christian Andre als 8. an 12 Stonnen, 22 Minutten an 10 Sekonnen.

Séiersten Damm war d'Lëtzebuergerin Shefi Xhaferaj. Si huet 12 Stonnen, 12 Minutten a 40 Sekonne gebraucht. Op déi 2. Plaz ass d'Belsch Morgane Dethier an 13 Stonnen, 13 Minutten a 6 Sekonne komm.

D'Shefi Xhaferaj konnt den Ultratrail Mëllerdall scho fir d'fënnefte Kéier gewannen.

Donieft gouf et nach Courssen iwwer 75 Kilometer, 35 Kilometer, 21 Kilometer an 10 Kilometer.

Hei fannt Dir déi komplett Resultater.

Back to Top
CIM LOGO