D'lescht Joer hat de Stater Veräin, den CSL, déi originell Iddi, fir Courssen iwwer d'Distanz vun enger Mille ze organiséieren. Dës Initiativ gouf an d'Liewe geruff, fir dem Charel Grethen seng erfollegräich Karriär ze feieren. De Finalist vun den Olympesche Spiller zu Tokio ass seng lescht Course do gelaf an huet an deem Kader Abschid vun der Kompetitioun geholl.

Dëst Joer ass de Charel Grethen de Kapp vun der Organisatioun vun der Lëtz Mile.
D'Mile gëtt seelen op der Pist gelaf, gewënnt awer op der Strooss ëmmer méi u Popularitéit. Sou wäert an enger Woch zu Kopenhagen eng Weltmeeschterschaft iwwer dës Distanz sinn. Et si ronn Honnert Meter méi, wéi déi klassesch 1500-Meter-Course. An der neier Avenue ass bei der Elite vun den Hären den Niveau dëst Joer besonnesch héich. Mat dobäi ass ënnert anerem den Titelverdeedeger Louis Gilavert.
D'Ae wäerten dann haaptsächlech op de Ruben Querinjean geriicht sinn. De Lëtzebuerger hat sech jo viru kuerzem de Vizeeuropameeschtertitel iwwer 3.000 Meter Steeple gewonnen a war bei der Finall vun der Diamons League zu Bréissel dee Véierte ginn. Zesumme mam Fidelio Klein, dem Vera Bertemes-Hoffmann an dem Marin Joblin wäert hien an enger Woch Lëtzebuerg op der Mile-Weltmeeschterschaft zu Kopenhage vertrieden. Mat enger 5-km-Course steet dëst Joer eppes Neies um Programm vun der Lëtz Mile.
Dëse Samschdeg wäerten da vu 15:20 Auer un eng 350 Leefer an Leeferinne d'Prioritéit an der Avenue de la Liberté hunn.