
Informatioune begleeden eis am Alldag, hëllefen eis, eege Meenungen ze bilden, Decisiounen ze huelen an eis an der Gesellschaft ze orientéieren. Mee et ass net ëmmer einfach ze wëssen, vu wou eng Nouvelle kënnt a wéi zouverlässeg se ass.
Genee hei setzt d’Expo "À la recherche de la vérité – Le journalisme et nous" un. Konzipéiert gouf si vun der Schwäizer Associatioun Journalistory.ch, d'Uni Lëtzebuerg huet se ëm e lëtzebuergesche Volet erweidert an op Lëtzebuerg geholl hu se d'Schwäizer Ambassade an de Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique (SMC) vum Staatsministère. Op spilleresch an interaktiv Manéier léiert Dir an der Expo, wéi Journalismus funktionéiert, Dir kënnt Är eege Mediekompetenz testen a verstitt besser, wéi Fake News an Desinformatioun entstinn a wéi een domat ëmgeet.
Op engem Parcours gëtt et verschidden "interaktiv Statiounen". Hei kënnt Dir selwer aktiv ginn. Direkt bei der Entrée kritt Dir e Badge, mat deem Dir iwwer déi ganz Expo Punkte sammelt. Um Schluss kritt Dir dann eng perséinlech Pressekaart mat Ärem Score iwwerreecht.
Bei der Statioun "Fakten & Fake News" kënnt Dir Äert Wëssen an der Mediekompetenz mat engem Quiz a verschiddene Spiller testen. Am mediale Quiz kritt Dir op spilleresch Aart nach méi Hannergrondwëssen iwwert d’Medien a wéi se funktionéieren.
E weideren Highlight ass d’"Newsroom"-Statioun: An dësem Spill fir e Grupp vu Leit, dat engem Escape-Game gläicht, iwwerhuelt Dir alleguerten d’Roll vun engem Journalist. Zesummen mat Ärer Ekipp gitt Dir op Recherche, analyséiert Informatiounen a publizéiert zum Schluss en Artikel.
Och déi Lëtzebuerger Medielandschaft kritt an der Expo eng wichteg Plaz: Fënnef Panneauen, déi vun der Uni Lëtzebuerg ausgeschafft goufen, erklären de medialen Ekosystem a ginn och op nei Erausfuerderunge wéi kënschtlech Intelligenz an Desinformatioun an.
Déi ganz interaktiv Rees gëtt ofgeronnt duerch eng Rëtsch Kuerzfilmer, an deene Lëtzebuerger a Schwäizer Medieprofien iwwer hir Erfarungen a Gedanken zu de Chancen an Challengen an hirem Beruff schwätzen.
D’Expo riicht sech virun allem u Schoulklassen aus dem Secondaire an offréiert hinnen eng flott Méiglechkeet, iwwer Theemen ewéi Journalismus, Mediekompetenz a Fake News baussent dem normale Klassesall nozedenken.
Mee natierlech ass d'Ausstellung och op fir all interesséiert Persoun, déi wëll verstoen, wéi Informatiounen entstinn, verbreet a gepréift ginn. Zanter Mäerz 2023 ass d’Expo scho mat Erfolleg a der Schwäiz ënnerwee a si konnt do méi wéi 770 Klassen empfänken.
- Datum: vum 22. September bis den 30. Oktober 2026
- Plaz: RTL Lëtzebuerg, 43, Boulevard Pierre Frieden, L-1543 Lëtzebuerg-Kierchbierg
- Entrée: gratis, awer op Umeldung
- Sproochen: d’Expo ass op Franséisch an Däitsch, verschidde Contenue sinn awer och op Lëtzebuergesch an Englesch
- Dauer: plangt ronn 2 Stonnen an
- Visitt: D’Expo kann och autonom, dat heescht ouni Guide, besicht ginn (RTL proposéiert keng Visite-guidéeën), eng Umeldung ass obligatoresch fir d'Ausstellung ze besichen
- Fir Schoulklassen: Expo riicht sech u Klasse vum Secondaire; d’Schüler solle vum Enseignant begleet ginn
- Virbereedung: Et gëtt recommandéiert, virun der Visitt hei e kuerzen Info-Video ze kucken
- Organiséiert Ären Trajet: Beim RTL-Gebai gëtt et keng Parkplazen. Wann Dir mam Auto kommt, kënnt Dir vun de Parkplazen um Boulevard Pierre Frieden profitéieren. Mir sinn awer och mam ëffentlechen Transport erreechbar: D’Buslinne 6 an 18 hale bei den Arrêten "Simone de Beauvoir" an "Avalon", net wäit fewech vum Gebai.
Méi iwwert d'Expo kënnt Dir hei liesen: Konzipéiert gouf si vun der Schwäizer Associatioun Journalistory.ch, d'Uni Lëtzebuerg huet se ëm e lëtzebuergesche Volet erweidert an op Lëtzebuerg geholl hu se d'Schwäizer Ambassade an de Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique (SMC) vum Staatsministère.
Eng Umeldung ass obligatoresch :
