Escher SchäfferotPim Knaff, André Zwally a Meris Šehović hunn hir Demissiounen eragereecht

RTL Lëtzebuerg
Et war scho gewosst, ma elo steet den Datum fest: D'Stad Esch kritt de 16. September een neie Schäfferot.
Gemengewalen Esch 2023
D'Gemengenhaus zu Esch kuerz virun de Walen am Juni 2023.
© RTL

Wéi d'Stad Esch en Donneschdeg matdeelt, huet de Buergermeeschter d'Demissioune vum Pim Knaff vun der DP, dem André Zwally vun der CSV an dem Meris Šehović vun déi Gréng kritt. Hir Successeure sollen nächste Mëttwoch an enger Gemengerotssëtzung designéiert ginn. Bis d'Nofollger op de Schäffeposte feststinn, wäerten déi dräi awer nach hir Funktioune weiderféieren. Wärend de Pim Knaff an de Meris Sehovic dem Escher Gemengerot weiderhin als Conseillere wäerten erhale bleiwen, wäert den André Zwally sech vum 30. September u komplett aus der aktiver Gemengepolitik zeréckzéien, wéi hien dat RTL géigeniwwer schonn am Abrëll confirméiert hat.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO