Vill ze di fir d'PoliceMann vu Grupp Leit zerklappt, Fra bäisst Polizist a Security-Mann mat Fläsch blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwochnomëtteg bis en Donneschdegmoie gouf et sëllegen Asätz fir d'Police aus ënnerschiddlechen Ursaachen.
D'Police hat all Hänn voll ze dinn
© Laurent Weber

Ugefaange mat engem Déifstall an engem Supermarché an der Uelzechtstrooss zu Esch, e Mëttwoch géint 14:30 Auer. Eng Fra hätt hei zwou Béchse Gedrénks matgeholl ouni ze bezuelen. Wéi si am Beräich vum Escher Gemengenhaus vun enger Policepatrull fonnt gouf, huet si sech immens onkooperativ gewisen an engem vun de Beamte souguer an den Aarm gebass. Hie gouf medezinesch am Spidol versuergt. D'Fra krut e Protokoll wéinst Déifstall mat Gewalt a wéinst Rebellioun géint Policebeamten.

An der Rue Joseph Juck an der Stad gouf et am fréien Owend e Sträit virun engem Café tëschent zwee alkoholiséierte Männer. Ee vun hinnen hätt dobäi e Messer gezunn, fir deen aneren anzeschüchteren, wouropshin deen awer no der Kléng gegraff a sech dobäi selwer un der Hand blesséiert hätt. Policebeamten haten d'Männer vunenee getrennt an d'Messer séchergestallt. Déi blesséiert Persoun wollt sech net an engem Spidol behandele loossen.

Ee vun den Zwee hat sech der Police no net berouegt a koum an den Arrest. Bei him gouf iwwerdeems och eng kleng Quantitéit Haschisch fonnt.

Och am Garer Quartier op der Kräizung tëschent der Rue d'Épernay an der Rue de Reims koum et kuerz no 22 Auer zu enger Ausenanersetzung tëschent zwee Männer, déi vuneneen hu musse getrennt ginn a bei där nees ee vun hinnen onkooperativ war an d'Poliziste menacéiert a beleidegt huet. Och hie koum temporär ënner Arrest.

Da gouf et nach en Asaz um leschten Owend vun der Schueberfouer. E Mann hat hei zwou Frae menacéiert an ugebläert. Wéi hie vun engem Sécherheetsmann opgefuerdert gouf, opzehalen, huet en dëse mat enger Fläsch am Gesiicht blesséiert. Och géigeniwwer der Police wollt hie sech net berouegen an huet rebelléiert. Hie koum an den Arrest an de Virfall protokolléiert.

En Donneschdeg de Moie géint 6:25 Auer krut d'Police dunn eng Kläpperei am Beräich vun der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg gemellt. Op der Plaz hunn d'Beamten e Mann fonnt, deen op der Strooss louch a blesséiert war. Éischten Informatiounen no sollen dräi bis véier Persounen zerklappt gi sinn, ier dës ze Fouss a Richtung Allée Scheffer geflücht sinn. De Blesséierte koum fir eng Kontroll an d'Spidol, eng Enquête leeft.

Back to Top
CIM LOGO