Film vun der Woch"The Dog Stars" vum Ridley Scott

Frank Grotz
Trotz senge mëttlerweil 88 Joer léisst de Ridley Scott (Réalisateur vu Filmer wéi Alien, Blade Runner a Gladiator) sech et net huelen, reegelméisseg grouss Filmproduktiounen an Ugrëff ze huelen. Säin neiste Long-Métrage "The Dog Stars" erzielt vun engem jonke Mann sengem Iwwerliewenskampf an enger postapokalyptescher Welt.
Film vun der Woch: "The Dog Stars" vum Ridley Scott
Trotz sengen 88 Joer léisst de Ridley Scott (Réalisateur vu Filmer wéi Alien oder Blade Runner) sech et net huelen, grouss Filmproduktiounen an Ugrëff ze huelen

Mir schreiwen d'Joer 2035, wou den Hig, gespillt vum Jacob Elordi, no enger Pandemie mat sengem Kolleeg Bangley a sengem Hond Jasper op engem ale Flughafen am Colorado lieft. Wärend de Bangley, interpretéiert vum Josh Brolin, sech domat offonnt huet, fir seng kleng Plaz an der Welt mat alle Mëttelen ze verdeedegen, kuckt den Hig sech aus dem Cockpit vu senger Cessna no neie Perspektiven ëm.

Baséierend um Peter Heller sengem Roman, deen iwwregens scho virun der Corona-Pandemie publizéiert gouf, ass "The Dog Stars" méi wéi en action-geluedene Survival-Film. Déi verschidden Iwwerliewend stinn hei jeeweils fir Weltsiichten, déi engem am aktuelle Kontext nach ewell bekannt virkommen. Mol dekadent an nostalgesch, mol brutal a militaristesch presentéiere sech déi verschidde Gruppen mat deenen den empathesche Protagonist et hei ze dinn huet. Trotzdeem léisst dem Ridley Scott säi Film d'Hoffnung net stierwen a weist, datt d'Enn vun der Welt och nees en neien, positiven Ufank ka sinn.

Back to Top
CIM LOGO