
D'Firma BMS Engineering, déi vun der Attack viséiert war, huet ënnert anerem och de Service vum Paiement immédiat direct PID bei Dokteren installéiert. Wéi Reporter schreift, riskéieren déi geschiedegt Cabineten op d'mannst en Deel vun hiren Donnéeën ze verléieren. Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet dann e Méindeg de Mëtteg och schonn eng parlamentaresch Fro dozou un d'Santésministesch Martine Deprez gestallt, an där si notamment duerno freet, ob effektiv Donnéeë verluer gaange sinn, a wéi eng Léieren d‘Regierung gedenkt aus dësem Virfall ze zéien.