
Wéi d'Landgeriicht Mannheim matgedeelt huet, kritt de Xavier Naidoo reprochéiert, e Member vun der Amadeu-Antonio-Stëftung beleidegt an dobäi antisemittesch Texter verëffentlecht ze hunn. Den Datum vun der Geriichtsverhandlung steet nach net fest.
D'Amadeu-Antonio-Stëftung setzt sech géint Rietsextremismus, Rassismus an Antisemitismus an. De Parquet Mannheim hat géint de Naidoo schonn 2023 geklot. Sëllegen aner Virwërf aus dëser an eng weider Uklo vun 2024 huet d'Geriicht allerdéngs net fir d'Haaptverfaren zougelooss, well de Verdacht net erhäert konnt ginn.
De Sänger, deen zu Mannheim gebuer gouf, ass ënner anerem bekannt ginn als Grënner vun der Museksgrupp Söhne Mannheims. Spéider war hien als Solosänger, Museksproduzent a Jury-Member a Formater wéi "Deutschland sucht den Superstar" ënnerwee. Vun RTL gouf hien 2020 wéinst Bemierkungen iwwer Immigranten ausgeschloss. Spéider ass de Xavier Naidoo duerch Verschwierungstheorien am Hibléck op Corona an aner antisemittesch Äusserungen negativ opgefall.
E Rechtssträit doriwwer, ob den Naidoo Antisemitt genannt dierf ginn, goung bis bei d'Bundesverfassungsgeriicht. Dat iewescht däitscht Geriicht huet am Dezember 2021 geurteelt, dass de Sänger an enger Ausernanersetzung iwwer seng Liddertexter als Antisemitt bezeechent dierf ginn.
Am Abrëll 2022 huet hie sech vu senge fréiere Bemierkunge distanzéiert. An engem Video huet hien zouginn, hien hätt sech "op der Sich no der Wouerecht um Enn verrannt" an hien hätt "an de leschte Jore vill Feeler gemaach". Him wier bewosst ginn, dass hie vill Mënsche "mat senge verstéierenden Aussoen irritéiert a provozéiert hätt, fir déi hie sech entschëllege wéilt".