
Wéi den Automobilclub AAA mellt, kascht d'Galloun Diesel zanter e Méindeg am Schnëtt 5,90 Dollar. Dat sinn ëmgerechent 5,08 Euro fir knapp 3,8 Liter.
Schonn e Freideg war mat 5,85 Dollar e Rekord gemellt ginn. Diesel gëtt an den USA virun allem vun Notzgefierer getankt. Virun engem Joer huet d'Galloun nach 3,71 Dollar kascht. Mam héijen Dieselpräis klammen och d'Käschte vum Transport an de Liewensmëttel an den USA. An dat suergt natierlech och fir schlecht Stëmmung, zemools aus politescher Siicht.
Och hei am Land ass de Präis vum Diesel jo lescht Woch mat iwwer 15 Cent de Liter massiv geklommen.