
Ronn 5.000 Persoune sinn e Méindeg den Owend beim Brandenburger Tor zu Berlin zesummekomm, fir géint d'AfD ze protestéieren. Dat huet d'lokal Police matgedeelt. D'Netzwierk Campact, dat zesumme mat Fridays For Future ënnert dem Motto "Zeit zum Handeln: AfD stoppen" zu Protester zu Berlin opgeruff hat, hat 14.000 Participante genannt. "D'AfD wëll Sachsen-Anhalt elo als Sprangbriet notzen, fir fir d'éischt d'Land, dono den Osten an um Enn déi ganz Republik ze erueweren", sou de Comité vu Campact. "Haut versammele mir d'Zivilgesellschaft op de Stroossen, fir eis dogéint ze wieren an eng Protestwell ze starten, déi ganz Däitschland erfaasse wäert. Eise Message ass iwwerall: Verfassungsfeinden dierfen net regéieren".
"Mir hunn Angscht, dass eis Demokratie futti geet", sot eng 68 Joer al Demonstrantin aus Hamburg géint iwwer der Noriichtenagence AFP. Si wier traureg iwwert dat beonrouegend Walresultat a Sachsen-Anhalt, sou d'Fra, déi aus Hamburg zesumme mat hirem Mann an hirer Niess ugereest ass, fir zu Berlin ze protestéieren. Dem AFP-Reporter no hu sech Mënschen aus allen Altersgruppen do versammelt.
Eng 48 Joer al Berlinerin huet vun engem deprimanten Walresultat geschwat. D'Tatsaach, dass vill Leit d'AfD gewielt hunn, hätt si als Feministin nëmmen nach méi depriméiert. D'Bundesregierung géif "vill d'Verantwortung fir dat Resultat" droen. "Et muss sech vill änneren. Mir brauchen eng oppe Gesellschaft, an där sech jidderee wëllkomm fillt an och verstane fillt". Ma dat géif den Ament "iwwerhaapt net funktionéieren".
Eng aner Demonstrantin huet hir Participatioun domat begrënnt, dass si sech Suerge géing maachen ëm d'Demokratie, déi den Ament "reell a Gefor ass". "Ech hunn hei nach d'Recht, op eng Demo ze goen, a soulaang ech dat hunn, wëll ech dat maachen an dofir astoen, dass mir an engem demokratesche Land liewen". Si hätt awer och déi reell Angscht, dass et a fënnef Joer net méi sou wäert sinn. Si géif dann och driwwer nodenken, Däitschland ze verloossen.
Déi vum Landesverfassungsschutz als geséchert rietsextremistesch agestuuft AfD a Sachsen-Anhalt hat e Sonndeg d'Landtagswal mat bal 44% vun de Stëmme kloer gewonnen. Si huet selwer awer keng absolutt Majoritéit. Déi bis ewell regéierend CDU huet Stëmme verluer a koum just nach op 17,2%. Am Landtag sinn donieft SPD, Grüne a Linke souwéi eng éischte Kéier d'BSW vertrueden.
Nom Waldebakel wëll sech d'CDU Sachsen-Anhalt personell nei opstellen. Enn November/Ugangs Dezember soll eng nei Parteispëtzt gewielt ginn. Dat huet de Ministerpresident vu bis elo, Sven Schulze, annoncéiert. Hie selwer hätt den Ament net geplangt, nees ze kandidéieren.