Virum Match géint ElversbergFC Bayern lant um Findel a verbréngt Nuecht zu Pierel (D)

Jeff Birsens
Virum Match géint d'SV Elversberg wäert den FC Bayern mam Fliger zu Lëtzebuerg landen an d'Nuecht direkt hannert der Grenz verbréngen.
Bayern Munich's German midfielder #10 Jamal Musiala arrived ahead of the German first division Bundesliga football match between Schalke 04 and FC Bayern Munich in Gelsenkirchen, western Germany on September 5, 2026. (Photo by UWE KRAFT / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
Den Jamal Musiala wäert mam FC Bayern de Wee op Elversberg iwwer Lëtzebuerg maachen.
© AFP
FC Bayern lant um Findel a verbréngt Nuecht zu Pierel
Virum Match géint d'SV Elversberg wäert den FC Bayern mam Fliger zu Lëtzebuerg landen an d'Nuecht direkt hannert der Grenz verbréngen.

E Sonndeg ass de groussen FC Bayern fir den 3. Spilldag vun der Bundesliga beim Opsteiger SV Elversberg am Saarland op Besuch. Wéi d'Saarbrücker Zeitung mellt, soll den däitsche Rekordmeeschter fir hir Auswäertsrees e Samschdeg scho géint 18 Auer zu Lëtzebuerg um Findel landen. Duerno soll et vun der Landebunn aus direkt an den Ekippebus an da weider Richtung Saarland goen.

Um Findel wäert et also warscheinlech keng Méiglechkeet fir d'Lëtzebuerger Bayern-Fans ginn, de Futtballprofien ze begéinen. Eng Chance besteet éischter beim Hotel, dee sech den FC Bayern erausgesicht huet. Wéi d'Saarbrücker Zeitung schreift, sollen den Olise, Kane, Neuer a Co. d'Nuecht nämlech am Victor's Residenz-Hotel Schloss Berg am däitsche Perl (lëtz. Pierel), direkt hannert der Lëtzebuerger Grenz verbréngen.

Well den FC Bayern réischt en Donneschdeg an der Champions League géint Bodo/Glimt nach am Asaz ass, soll en Training e Samschdegowend awer net méi virgesi sinn.

E Sonndeg gëtt de Match dann ëm 17:30 Auer an der "Ursapharm-Arena an der Kaiserlinde" mat just 10.000 Plazen ugepaff. Elversberg ass als Opsteiger iwwerraschend mat zwou Victoiren an den éischten zwee Matcher an d'Saison gestart. Bayern dogéint wëll nom Punkteverloscht géint Schalke de leschte Weekend nees déi dräi Punkten huelen.

Back to Top
CIM LOGO