
Déi US-amerikanesch Actrice Hayden Panettiere ass am Alter vu just 36 Joer gestuerwen. Dat mellen e Méindeg de Moie méi amerikanesch Medien a beruffe sech op eng Confirmatioun vun hirem Agent. Och hire Papp Skip huet ABC News géintiwwer d'Noriicht confirméiert.
D’Schauspillerin, bekannt aus Serië wéi "Heroes" an "Nashville", war eng Zäit laang mam ukraineschen Ex-Boxweltmeeschter Wladimir Klitschko verloobt an hat mat him eng gemeinsam Duechter. D'US-Amerikanerin hat no der Gebuert vun Depressioune geschwat an zouginn, si wier jorelaang alkohol- an drogenofhängeg gewiescht. Virun dräi Joer war hire Brudder Jansen iwwerraschend am Alter vun 28 Joer wéinst Häerzproblemer gestuerwen.
D'Hayden Panettiere ass e Sonndeg verstuerwen. D'Police vu Greenville am US-Bundesstaat South Carolina huet matgedeelt, dass Beamten a Sanitäter kuerz viru 14 Auer op en Asaz wéinst enger bewosstloser Fra geruff gi waren. Bei der Persoun, déi spéider als Hayden Panettiere identifizéiert gouf, konnt op der Plaz awer just nach den Doud festgestallt ginn. Éischten Ermëttlungen no géif et keng Indicen op e Verbriechen oder verdächteg Ëmstänn, sou d'Autoritéite weider. Eng Persoun, déi der Actrice no stoung, hat den Noutruff gewielt.