Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Misch Clement
De Misch Clement ass eng Trainerlegend. Zu Beggen, Nidderkuer, a Gréiwemaacher huet hien säin Bescht versicht, an huet och selwer alles ginn.
Verëffentlecht: 15.01.24 10:15, Update: 17.01.24 13:39
Am "Café des artistes" am Gronn huet hien op seng Karriär zréckgekuckt. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet hie verzielt, wéi ee fréier e Spiller wéi den Armin Krings op Gladbach siche goung. Zu senge Spiichte gehéieren déi, wéi hien de Ronald Biggs, Member vun enger englescher Raiberband fonnt, de Bud Spencer getraff, de Platini net erkannt huet, oder wat bei senger eegener Hochzäit alles schif gelaf ass.
Piano: Marc Schmidt
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.