Champions LeagueBayern souverän géint Bodö/Glimt, Lens wënnt no geckeger Schlussphas zu Prag

Jeff Birsens
Den FC Bayern huet den éischte Match an der neier Champions-League-Saison gewonnen. Zu Prag war an deene leschte Minutten nach eng méi lass, mat engem besseren Enn fir de Gaascht aus Lens.
All d'Goler vum Match Bayern géint Bodö/Glimt
No enger éischter Hallschent ouni Goler huet den FC Bayern no der Paus nach eemol richteg opgedréint an um Enn souverän 5:0 gewonnen

En Donneschdeg den Owend war an der UEFA Champions League den Ofschloss vum 1. Spilldag an der Ligaphas. Schonn en Dënschdeg an e Mëttwoch goufe jeeweils sechs Matcher gespillt.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Bayern - Bodo/Glimt 5:0
1:0 Musiala (47'), 2:0 Kane (61'), 3:0 Davies (77'), 4:0 Olise (83'), 5:0 Olise (90+2')

Den FC Bayern huet sech am éischte Match vun der Ligaphas géint Bodö/Glimt mat engem 5:0 direkt och déi éischt dräi Punkte geséchert. Géint den Ausseseiter aus Norwegen, deen an der leschter Saison deem eng oder anere Favorit e Bee stelle konnt, war déi éischt Hallschent och net all ze vill ze maachen. Bodö/Glimt stoung hannen disziplinéiert an huet net vill Richtung eegene Gol zougelooss. Bescht Chance hat de Joshua Kimmich, deem säi Schoss op de Baussepotto gaangen ass. No der Paus konnt den Jamal Musiala dann awer de Score mam 1:0 séier opmaachen an domat den Drock bei de Münchener léisen. Mam 2:0 vum Kane konnt een dann och vun enger Virentscheedung schwätzen, well Bayern sech dat mat den eegene Fans am Réck net méi huele gelooss huet. Duerch den Alphonos Davies an zwee Mol de Michael Olise stoung en um Enn e souveräne 5:0.

Como - Leipzig 4:1
1:0 Baturina (14'), 2:0 Douvikas (37'), 3:0 Diao (53'), 3:1 Maksimovic (57'), 4:1 Perrone (89')

De Resumé vum Match Como géint Leipzig
Am éischten Champions League konnt sech Como direkt mat 4:1 géint Leipzig duerchsetzen

Como huet den éischten Champions-League-Match an der Veräinsgeschicht mat 4:1 géint RB Leipzig gewonnen. Virun den eegene Spectateure konnt ee schonn no 14 Minutten am Numm vum Martin Baturina a Féierung goen. Duerno hat de Gaascht aus Leipzig dann eng relativ gutt Phas, déi mam 2:0 fir d'Lokalekipp awer op en Enn gaange war. Fir d'Paus stoung alles an allem eng verdéngt Féierung fir Como. Nom Säitewiessel war dann RB nees liicht besser an de Match komm, ma nees hu sech d'Haushäre méi effektiv gewisen an hunn an der 53. Minutt op 3:0 erhéicht. Leipzig krut sech an der 57. Minutt zwar endlech mat engem mëttlerweil iwwerfällegen 1:3 belount, fir méi sollt et awer net méi duergoen, well Como dat sécher bis zum Schluss erofgespillt huet a kuerz viru Schluss souguer nach ee weidere Gol dropsetze konnt.

Manchester United - Sabah 4:0
1:0 Cunha (26'), 2:0 Fernandes (41'), 3:0 Sesko (44'), 4:0 Martinez (67')

Slavia Prag - Lens 2:3
1:0 Sturm (50'), 1:1 Sima (72'), 2:1 Sturm (87'), 2:2 Thauvin (90+1'), 2:3 Aguilar (90+3')

D'Resumée vun de Matcher ManUnited géint Sabah a Prag géint Lens
Wärend et fir Manchester United eng kloer Saach war, huet Lens zu Prag nach an der Nospillzäit de Match gedréint.

Manchester United huet mat enger klorer 4:0 Victoire géint den FK Sabah aus dem Aserbaidschan näischt ubrenne gelooss. Vun Ufank u waren d'Red Devils am Old Trafford déi besser Ekipp. Den FK Sabah, Ex-Veräin vum Vincent Thill a fir déi éischte Kéier an der Champions League dobäi, konnt net all ze vill dogéint ënnerhuelen a louch deemno, trotz enger tëschenzäitlech immens gudder Chance fir den 1:1-Ausgläich, schonn an der Paus mat 3:0 hannen. Spéitstens mam 4:0 an der 67. Minutt, dee liicht glécklech gefall war, war den Deckel dann drop.

Fir Lens gëtt et no enger geckeger Schlussphas bei Slavia Prag nach eng 3:2-Victoire. An engem gréisstendeels zéie Match ouni grouss Héichpunkten hat d'Lokalekipp vu Prag liicht Virdeeler a vu Lens ass réischt géint Enn vun der éischter Hallschent een éischt offensiv Liewenszeeche komm. E batteren Owend hat dann den 20 Joer ale Mikulas Konency, deen an der Paus agewiesselt gouf an nëmmen dräi Minutten drop wéinst engem Feeler als leschte Mann mat Rout vum Terrain gesat gouf. Slavia Prag huet dat awer net geschuet, well just zwou Minutten duerno den 1:0 gelongen ass. An Iwwerzuel war Lens dann awer besser am Match a konnt an der 72. Minutt och no engem Corner ausgläichen. An enger geckeger Schlussphas war Slavia da fir d'éischt op en Neits de Féierungsgol gelongen, ma dat lescht Wuert sollt awer an der Nospillzäit Lens hunn. Nom neien Ausgläich vum Florian Thauvin an der 91. Minutt war dem Ruben Aguilar an der 93. Minutt nach den decisiven 3:2 gelongen, wouduerch de Gaascht schlussendlech awer nach mat den dräi Punkten Heem fiert.

Fenerbahce - AS Roum 1:1
0:1 Cristante (38'), 1:1 Brown (47')

PSV - Shakthar 1:1
0:1 Mendoza (45+1'), 1:1 Dest (47')

Remisen tëscht PSV a Schachtar an Fenerbahce a Roum
Béid Matcher si mat engem 1:1 op en Enn gaangen.

Fenerbahce an d'AS Roum hu sech mat engem 1:1 getrennt. Zu Istanbul hat an der éischter Hallschent de Gaascht aus Roum gréisstendeels de Ball, konnt domat awer laang net all ze vill ufänken. Réischt kuerz virun der Paus war dann endlech déi verdéngt Féierung gefall. Duerch ee séieren Ausgläichsgol nom Säitewiessel war et Fenerbahce gelongen, de Match fir de Rescht nees oppen a spannend ze maachen. Am weidere Verlaf hate béid Ekippen hir Méiglechkeeten op den decisive Gol, ma kee sollt profitéieren, sou datt et beim Remis bliwwen ass.

Och de Match tëscht PSV Eindhoven a Shakthar Donezk ass mat engem 1:1-Remis ausgaangen. Um Enn vun enger schwaacher éischter Hallschent war dem Gleiker Mendoza nach kuerz virun der Paus den 1:0 fir d'Gäscht gelongen. De PSV war ufanks zwar déi besser Ekipp, huet awer déi néideg Konsequenz vermësse gelooss. Duerch ee Gol an der 47. Minutt war de Match dann nees ausgeglach. An der zweeter Hallschent war et dann ee Match op Aenhéicht, an deem awer kee vu béiden den decisiven 2:1 schéisse konnt. Um Enn deele si sech gerecht d'Punkten.


All d'Resultater an d'Tabell am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO