Zanter dem 17. August ass et opE Bléck an dat neit Déierenasyl zu Diddeleng

Emmanuelle Schmit
Hei waarde se op eng zweet Chance: Hënn a Kazen, déi keen Doheem méi hunn, fonnt goufen oder vun hire Besëtzer net méi kënne gehale ginn.

Zanter dem 17. August ass dat neit Gebai vum Déierenasyl zu Diddeleng op. An dat soll net nëmme méi schéin, mä virun allem besser fir d'Déiere sinn. De groussen Ënnerscheed zum ale Gebai: Méi Plaz an eng Infrastruktur, déi besser op d'Besoine vun den Déieren ugepasst ass. D'Aarbechte sinn nach net ganz fäerdeg, ma wann alles eriwwer ass, soll dat aalt Gebai, wat direkt niewendru steet, ofgerappt ginn. Mee firwat war den Neibau iwwerhaapt néideg?

De Raphael Erpelding, Responsabele vun der Organisatioun erkläert: "Et war néideg, fir déi néideg Richtlinnen ze erfëllen, sief et de Fluchtwee, alleguer déi Saachen an och dass dat anert Gebai extrem an d'Jore komm an extrem benotzt ginn ass. Dat heescht, et war un der Zäit, well verschidde Saache waren och einfach onreparabel futti, an do ass et natierlech flott, dass d'Gemeng dann einfach sot: Et ass ok, dir kritt elo als Veräin een neit Gebai, wéi dass elo op där aner Säit alles lénks a riets improviséiert gëtt, well dat war einfach net méi méiglech."

Knapp 8,8 Milliounen Euro huet dat neit Gebai kascht. D'Gemeng Diddeleng huet et finanzéiert. Bei den Hënn huet all Hond seng eege Kummer, a wa sech zwee Hënn gutt matenee verstinn, kënnen d'Compartimenter och matenee verbonne ginn. Ma et ginn och zwee speziell Zëmmer, fir méi schwiereg, geféierlech Hënn. Bei de Kaze ginn et keng direkt eenzel Kummeren, ma d'Kaze si jee no hire Besoinen, sief et Medikamenter oder Krankheet, getrennt. Attraktiv fir d'Déiere sinn déi direkt Terrassen, iwwer déi si vun hirer Kummer direkt an d'frësch Loft kënne goen.

Mä Déierenasyl ass vill méi wéi nëmmen e Gebai. Fir d'Déieren ass et hiert Doheem, op d'mannst fir eng Zäit, an dofir ass den Dag och gutt verplangt, wéi d'Oona Bindels, Responsabel fir d'Hënn erkläert: "Genau, moies fidderen, vill botzen an da mëttes ass dat méi mat rausgoen, spadséieren, mat hinne spillen, verschidden intellektuell Spiller maachen, sou Saachen."

Fidderen, botzen, kucken, ob et den Déiere gutt geet. D'Ekipp beschreift sech selwer als eng grouss Famill.

Ier een Déier an e Grupp rakënnt, muss et fir d'éischt an déi sougenannt Quarantän. Ronn zéng Deeg gëtt gekuckt, ob et gesond ass a keng Krankheeten oder Schwangerschaft matbréngt. Eng speziell Quarantän gëtt et och fir Bëbee-Kazen.

D'Zil ass awer ni, datt en Déier permanent am Déierenasyl bleift. Ma fir déi nei Besëtzer ginn et och Konditiounen. "Also fir d'éischt emol Déiereléift an zweetens muss et passen. Ech mengen, de Liewensstil muss bei den Hond genausou wéi zu de Leit passen an dat ass am Fong dat Wichtegst. Do spillen Alter oder soss iergendeppes spillt do am Fong kee Rullo", sou de Raphael Erpelding.

Am Asyl gëtt et och ee Second-Hand-Shop, wou ee Klengegkeete fir Kaz an Hond kafe kann. Fir bei d'Déieren ze kommen, muss een e Rendez-vous maachen, well d'Soignanten net wëllen, dass d'Déierenasyl wéi een Zoo ugesi gëtt.

Wann d'Police oder d'Pompjeeën elo een Déier fannen, awer grad keen am Asyl ass, ginn et och nach zwou Noutfallstatiounen wéi och een eegene Raum fir de Veterinär.

Een neit Gebai mat méi Plaz a virun allem d'Hoffnung, dass all Déier hei seng zweet Chance kritt. 

Back to Top
CIM LOGO