
Am Moment verstoppt dee Klenge sech awer nach am Haus vun de Roude Pandaen. Och säin Numm ass nach net gewosst.
Dës Gebuert ass awer och net ganz onbedeitend. Roud Pandae kréien nëmme schwéier Nowuess. D'Weibercher hunn nëmmen ee Mol am Joer en Eesprong an d'Parungszäit ass an der Reegel op déi éischt Méint vum Joer limitéiert. All Jongdéier, dat op d'Welt kënnt, ass dowéinst fir Zooen e rare Moment.
Am Beetebuerger Park gëtt et zanter 2020 d'Routpanda-Koppel, Reva an Nishu. D'Reva, dat 2018 a Schottland gebuer ass, huet schonn e puer Jongen op d'Welt bruecht. 2021 koumen d'Nila an de Rami op d'Welt, 2022 ass d'Nyima dobäi komm. Zejoert hat d'Koppel souguer mat enger Zwillingsgebuert iwwerrascht.
D'Saison 2026 vum Parc Merveilleux dauert nach e puer Wochen: De Park mécht den 11. Oktober seng Dieren nees zou. D'Visiteure mussen awer nach e bësse waarden, bis si dee klenge Roude Panda gesi wäerten. Bis e selbstänneg genuch ass, wäert en nach am Panda-Haus bleiwen.