Déi 43. Editioun vun der Foire Agricole zu Ettelbréck stoung ënnert dem Motto "[RE]CONNECT". Komplementar zum Site an den Däichwisen konnt een d'FAE.TV och nees digital op RTL.lu an fae.lu suivéieren.
Déi 43. Editioun war nees e Succès. Mat 50.404 Visiteure waren déi lescht dräi Deeg esou vill Leit ewéi nach ni op der Foire Agricole an den Däichwisen zu Ettelbréck. Méi wéi 350 Exposante war dëst Joer vertrueden.
D’FAE ass eent vun de gréissten Open-Air-Eventer am Land mat all Joer bis zu 50.000 Visiteuren. Et gouf nees vill ze kucken, vu Showen a Presentatioune vu Klengdéieren, Päerd, Kéi a Stéiere bis zu grousse landwirtschaftleche Maschinne war alles dobäi. Lokal Ettelbrécker Clibb hu fir de Catering gesuergt.
D’Foire Agricole ass de Rendez-vous, fir déi Lëtzebuerger d’Landwirtschaft hautno ze erliewen an natierlech och ze schmaachen. Kuckt op hire soziale Medien op Instagram oder Facebook.