
Bausse knuspreg, bannen fluffeg... E gudde Croissant gehéiert fir vill Leit einfach zum perfekte Start an den Dag dobäi. Mee wou am Land gëtt dëse Mëtsche-Klassiker a Perfektioun? Fir déi neisten Editioun vum RTL Readers' Choice siche mir dës Kéier äre absolut Liblingsplaz zu Lëtzebuerg, op där een e richteg gudde Croissant kritt.
Och wann et haut wuel onëmstridden d'Symbol vun der franséischer Liewensaart ass, ginn d'Originne vum Bakwierk an Éisträich zeréck. De Virleefer vum Croissant ass nämlech an sech de Wiener "Kipferl", dee warscheinlech am 17. Joerhonnert erfonnt gouf. Eréischt am 19. Joerhonnert huet en éisträicheschen Offizéier eng Wiener Bäckerei zu Paräis opgemaach an de Kipferl matbruecht. Déi franséisch Bäcker hunn d'Rezept dunn iwwerschafft, den typeschen an a Frankräich beléifte Bliederdeeg agefouert an doraus eben dee Croissant gemaach, deen mir haut kennen a gär hunn.
Wien iwwregens scho mol selwer probéiert huet, e Croissant selwer ze maachen, weess, wéi schwéier dëst Handwierk ass. D'Geheimnis läit am sougenannten "Turnéieren" vum Deeg. Dobäi gëtt den Deeg ëmmer nees ausgerullt, mat guddem Botter bestrach a gefaalt. Esou entstinn Dosende vu ganz dënne Schichten aus Deeg a Botter. Beim Baken evaporéiert d'Waasser aus dem Botter, dréckt den Deeg auserneen an et entstinn déi typesch lëfteg Kummeren. No baussen gëtt de Croissant sou knuspreg, bannen awer Zaart, bottereg a fluffeg.
Mir hunn d'Stëmmen ausgezielt, hei sinn är Top 10 Plazen, fir zu Lëtzebuerg gutt Croisanten ze iessen!
All d'Plazen, déi sech an den Top 10 konnte placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert. Ronn 1.000 Persounen hu bei der Ëmfro matgemaach.
Adresse: 40 Rue de Gasperich, 1617 Gasperich Luxembourg
Kontakt: 28777057
Online: Offizielle Site
Ronn 2.000 Stëmme goufe beim Voting fir de beschte Croissant zu Lëtzebuerg ofginn. Gewonnen huet dës Kéier déi kleng Bäckerei "Au Pain de Mary" zu Gaasperech, déi bewosst op wéineg bis guer keng Reklamm, dofir awer op kompromësslos Qualitéit a richtegt Handwierk setzt. Am Interview verréit den Antoine Schanne, Chef vun der Bäckerei an der Viennoiserie, d'Geheimnis vun hirem Erfolleg.
De Bäcker ass zanter zéng Joer am Betrib a mécht dëse Beruff mat grousser Passioun, eppes dat ee séier mierkt, wann ee mat him an d'Gespréich kënnt.
Op d'Fro, wat dann elo d'Geheimnis vun engem perfekte Croissant ass, äntwert den Antoine dann och ouni ze zécken: "Gutt Ingredienten, vill Zäit an eng laang Fermentatioun", erkläert hien. "Mir schaffen ausschliisslech mat 'Farine Label Rouge' an 'Beurre AOP'. Dobäi kënnt eise Sauerdeeg. Keng chemesch Zousätz, näischt vun all deem."
An da gëtt natierlech och an der Bäckerei näischt iwwerstierzt, Masseproduktioun ass keng Optioun: "Du kanns eng Aarbecht déi an sech zwee Deeg dauert, net op dräi Stonnen erofbriechen. Da kritt een ni déi Qualitéit, déi mir wëllen." An enger Zäit, wou vill Bäckereien op eng Vergréisserung vun hire Geschäfter setzen, bleift d'Ekipp zu Gaasperech senge Prinzippien trei. All Croissant gëtt hei nach eenzel ofgewien (ronn 150 Gramm fir genee ze sinn), geschnidden a mat der Hand gerullt, eppes dat den Antoine eis och direkt bei eisem Besuch weist. Souguer d'Eeër-Glasur gëtt nach manuell mam Pinsel opgedroen, gebak gëtt nach traditionell op Blecher.
Datt déi kléngt Bäckerei d'Konkurrenz hannert sech gelooss huet, huet de Antoine Schanne a seng Ekipp dann awer e bëssen iwwerrascht: "Mir maachen null Reklamm. Mir hunn en Instagram-Account fir e puer Fotoen, awer mir ginn net op d'Sich no Betriber oder grousse Clienten. Dacks begéinen ech Leit an der Stad, déi eis iwwerhaapt nach net kennen. Datt mir elo esou vill eenzel Stëmme kruten, verdanke mir reng eise treie Clienten."
Méi Clienten, méi Filialen, méi Profit? Dat ass fir den Antoine keng Optioun. Och wann d'Nofro enorm ass a vill Commanden aus Kapazitéitsgrënn musse refuséiert ginn. "Wann s du zwee, dräi oder souguer véier Geschäfter opméchs, leit d'Qualitéit einfach dorënner. Dat interesséiert eis net." D'Ekipp ass iwwer d'Joren gewuess: Wou se virun eelef Joer nach zu néng waren, schaffen haut ronn 21 Leit am Betrib, déi all Dag mat vill Passioun an Asaz d'Bäckerei mat gudde Produiten versuergen.
D'Clientë wëssen dësen Asaz op alle Fall ze schätzen, d'Bäckerei zu Gaasperech huet relativ däitlech déi éischte Plaz an eisem Ranking gemaach. Ma wien elo de bescht Croissant am Land wëll testen, dee muss fréi opstoen: Wa keng méi do sinn, ass nämlech Schluss fir deen Dag. Weekends kënnt et scho mol vir, dass um 10 Auer alles fort ass, wat natierlech voll a ganz fir d'Bäckerei "Au Pain de Mary" schwätzt. Gratulatioun fir déi éischte Plaz!
Adress: 1 Rue Guillaume J. Kroll, 1882 Cessange Luxembourg
Kontakt: 4031401
Online: Offizielle Site
Am Interview fir de Readers Choice huet eis de Jeff Oberweis, Patissier a Co-Direkter vum Oberweis, en Abléck an d'Konscht an d'Wëssenschaft ginn, déi hannert der Hierstellung vun engem perfekte Croissant stécht.
Fir den Expert muss e Croissant virun allem eng richteg "Gourmandise" sinn, wisou säi perséinlecht Rezept op e bësse méi Séisst setzt, wéi een et normalerweis an de Schoule léiert, begleet vun engem markante Bottergoût. D'Textur spillt dobäi eng zentral Roll, well de Croissant baussen extrem knuspreg soll sinn, wärend en am Kär schéin mëll, respektiv "fluffeg" bleiwe soll.
Fir dës Qualitéit z'erreechen, ass de Choix vun der Matière première an d'Technik e weidere wichtege Schratt. Well de Croissant aus engem klassesche Bliederdeeg gemaach gëtt, bei där de Botter an den Hiefdeeg ageschloen a gerullt gëtt, spillen d'Elastizitéit vum Botter an den héije Glutengehalt vum Miel eng wichteg Roll. No laangen Testphasen huet de Jeff Oberweis festgestallt, datt franséischt Miel an e ganz spezifesche Botter déi bescht Resultater liwweren.
Fir d'Rezept perfekt ze maachen, gëtt an d'Mëschung aus Mëllech, Waasser, Hief, Zocker a Salz och e bëssen 0 % Fett Puddermëllech dobäigesat, wat de Wiesselwierkunge vun der Laktos zegutt kënnt. Nieft den Ingredianten sinn d'Klima am Atelier an d'Temperatur déi gréissten Erausfuerderungen, well waarmt a fiicht Klima d'Hief ze séier opgoe léisst. Den Deeg an de Botter musse perfekt openeen ofgestëmmt sinn, well de Botter soss zerbréckelt oder sech mam Deeg vermëscht, wouduerch de Croissant seng typesch Couche verléiert a "wéi eng Brioche" gëtt.
Och de Moment vum Baken an déi computergesteierten Apparater muss perfekt getimet ginn, fir datt de Croissant am Uewen nach eng Kéier esou richteg am Volume opgoe kann. Um Enn mécht d'Rezept awer just en Deel vum Erfolleg aus, well ronn 50 % vum Endproduit vum pueren Handwierk a vum "Geste humain" ofhänken. Well d'Natur an d'Klima sech dauernd änneren, kann dëse Prozess net robotiséiert ginn an et verlaangt eng perfekt Widderhuelung vum Geste an eng héich Vitess vun de Mataarbechter, fir all Dag déi gewinnte Qualitéit ze garantéieren.
Eise User schéngt dëst op alle Fall opgefall ze sinn, den Oberweis packt et an eisem Ranking op déi exzellent 2. Plaz.
Adress: 30 Bd de Kockelscheuer, 1821 Gasperich Luxembourg
Kontakt: 264777
Online: Offizielle Site
Fir de Bäcker a Grënner vun der Bäckerei, de Jean-Marie Hoffmann, läit d'Geheimnis vun engem gudde Croissant virun allem an der Qualitéit vun de Wueren, déi hei dra verschafft ginn. Hie setzt konsequent op lëtzebuergesche Botter, deem säi Goût de Client virun allem hei zu Lëtzebuerg gewinnt ass. Nieft dem Botter spillt och d'Miel eng entscheedend Roll. Jee no Produkt ginn ënnerschiddlech Miel-Zorte benotzt, déi zum Deel aus verschiddene Länner kommen.
De Croissant ass beim Hoffmann nach ëmmer ee vun de meescht-verkaafte Produiten iwwerhaapt. Hien erkläert dat ënner anerem domat, datt de Croissant am Verglach zu ville séisse Viennoiserien relativ wéineg Zocker enthält an d'Leit haut méi op hir Ernierung oppassen. Nieft dem Croissant gehéiert iwwregens och d'Bretzel zu de grousse Bestseller am Betrib.
Obwuel de Bäcker schonn 1996 Vizeweltmeeschter zu Paräis an der Viennoiserie gouf, also virun iwwer 30 Joer, huet sech säi Croissant-Rezept zënterhier kaum geännert. Vill méi wichteg si fir hien d'Erfarung an d'Fangerspëtzegefill beim Baken. Temperaturen an der Bäckerei, Klima oder héich Loftfiichtegkeet kënnen d'Resultat staark beaflossen. Fir datt e Croissant knuspereg a liicht bleift, brauch e Bäcker net nëmmen déi richteg Ingredienten, mee och vill Know-how.
An dësen Know-How schéngt d'Pâtisserie Hoffmann zu hunn, eis Lieser hunn hien op déi gutt 3. Plaz gewielt.
Adress: 8 Rte Principale, 7450 Lintgen
Kontakt: 320356
Online: Offizielle Site

Adress: 80 Av. Victor Hugo, 1750 Limpertsberg Luxembourg
Kontakt: 27763246

Adress: 1c Rte d'Arlon, 8310 Capellen Mamer
Kontakt: 621584040
Online: Offizielle Site

Adress: 51 Rue Centrale, 4499 Limpach Reckange-sur-Mess
Kontakt: 621699585
Online: Offizielle Site

Adress: 7 Rte de Luxembourg, 6210 Consdorf
Kontakt: 790040
Online: Offizielle Site

Adress: 32 Av. de la Libération, 3850 Schifflange
Kontakt: 548043
Online: Offizielle Site

Adress: 8 Rue de Belvaux, 4025 Esch-sur-Alzette
Kontakt: 556016

LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Pizza
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Kebab
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Sushi
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte portugisesche Restaurant
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Kniddelen
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht vegetarescht/vegaant Iessen
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Glace
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Bouchée à la Reine
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Burger
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Fueskichelcher
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Nems
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Fritten