Si solle geklaut hunnDräi mannerjäreg Meedercher goufen am Prisong zu Schraasseg ënnerbruecht

Fanny Kinsch
Well an der Unisec keng Plaz méi war, koumen déi dräi Mannerjäreg an de Prisong.
Ëmmer nees komme Mannerjäreger an de Prisong, well keng Plaz an der Unisec war.
© Céline Spithoven/RTL

Et sinn nees Mannerjäreger am Prisong zu Schraasseg ënnerbruecht ginn. Wéi de Parquet an engem Communiqué matdeelt, wieren 3 Meedercher, déi verdächtegt ginn an engem Bus zu Gaasperech enger Persoun eppes geklaut ze hunn, op Schraasseg bruecht ginn.

En Zeien hätt gesinn, wéi eng Persoun eppes geklaut krut. Doropshin hätt en dem Buschauffer Bescheed gesot, deen d'Dieren zougemaach hätt. D¨rai Mannerjäreger wieren als Verdächteger identifizéiert ginn. D'Meedercher wieren 13, 14 a 15 Joer al a wieren der Police an dem Parquet scho bekannt gewiescht. Et wier net kloer wou si géinge wunnen an ob si zu Lëtzebuerg hire Wunnsëtz hätten.

Well an der Unisec keng Plaze fräi gewiescht wieren, wieren déi dräi Mannerjäreg provisoresch am Centre pénitentiaire ënnerbruecht ginn. Den Dossier wier elo beim Jugendriichter. Et gëllt d'Présomption d’innocence.

Et ass eng Praxis, déi zanter Jore vu Kannerrechtsorganisatioune schaarf kritiséiert gëtt, dass zu Lëtzebuerg ëmmer nees Mannerjäreger am Erwuesseneprisong agespaart ginn.

Schreiwes vum Parquet
Communiqué de presse du Parquet de Luxembourg : trois mineurs interpellés à la suite d’un vol commis dans un autobus à Gasperich

Back to Top
CIM LOGO