Sexuell Aggressiounen zu BeetebuergDe Verdächtegen huet eréischt 12 Joer, deelt de Parquet mat

Fanny Kinsch
Wéinst dem jonken Alter vun der betraffener Persoun ginn aktuell keng weider Informatioune vum Parquet matgedeelt.
Den Dossier gëtt un den Département de la protection de la jeunesse vum Parquet vu Lëtzebuerg virugeleet an no de Bestëmmunge fir Mannerjäreger behandelt.
© Archivfoto

No zwee rezente Fäll vu sexualiséierten Iwwergrëff zu Beetebuerg konnt elo eng verdächteg Persoun fonnt ginn. Wéi de Parquet e Samschdeg de Moien an engem Communiqué matdeelt, wier e Jong vun 12 Joer als Verdächtegen ermëttelt ginn. Den Dossier wier un d'Jugendschutz-Departement vum Parquet weider geleet ginn. Wéinst dem Alter vum Jong géingen aus Jugendschutz-Grënn zu dësem Zäitpunkt keng weider Informatioune matgedeelt ginn. De Parquet erënnert och un d'Présomption d'innocence.

Den 28. August an den 2. September waren eng Fra vun 19 Joer an e Meedchen zu Beetebuerg vun enger onbekannter Persoun sexuell belästegt, ugepaakt a verfollegt ginn.

Schreiwes vum Parquet
Communiqué de presse du Parquet de Luxembourg relatif aux récents faits de harcèlement signalés à Bettembourg

Back to Top
CIM LOGO